An dem leschten anerhallwem Joer war den Haapt-Job vum Direkter Tom Leick a senger Ekipp deen, fir Virstellungen z’annuléieren, ze verleeën, nei ze programméieren, an dat vrun allem mat den internationale Produktiounen. Reese war jo net méiglech. D’Experienz vum méi spontanen Organiséieren huet awer och Virdeeler.
Mir haten mol eng Kéier d’Chance, ze maachen, wat dir maacht, all Dag maacht, Noriichten, Nouvellen, d’Leit au Courant halen. Mir hu meeschtens e Recul vun 18 Méint. Wann d’Programmatioun geplangt gëtt an tëscht deem, wou se stattfënnt, leie meeschtens annerhalleft Joer. Hei konnte mer direkt reagéieren.

Vu 50 Produktioune konnten der 41 gewise ginn, am ganzen sinn 163 vun 210 Virstellunge garantéiert ginn an den 2 Säll vum Groussen Theater an am Kapuzinertheater. Wichteg ass, dass déi eege Creatiounen all gespillt gi sinn, wann och viru reduzéiertem Publikum, oder souguer iwwer Tëlee a Streaming, wéi beim Mäerchen “Rabonzel”. Besonnesch positiv bleift dem Direkter och an der Erënnerung, datt d’Solidaritéit tëscht de verschiddenen Haiser gespillt huet, déi grouss hunn deene klengen eng Bün an e Sall ginn. Dobäi sinn och am Projet “Connection” Opträg fir Stécker, Regie a Schauspill erausgaangen, mat Texter, déi aktuell waren.
D’Leit souzen am Sall a si hunn hir Situatioun op der Bün erëmgesinn, mat Masken, a verschiddene Kontexter, wat dat ausmécht, wat dat op hir Famill auswierkt. Et ass wichteg, datt d’Leit am Theater kënnen hir Saache verschaffen, datt se de Spigel hu vun hirer Gesellschaft, ob dat am Danz ass, ob dat an der Oper ass, ob dat am Theater ass.

Och elo sollen an der neier Saison aktuell Thematiken an der Programmatioun ze fanne sinn, an dat duerch eng Partie Kreatioune vu Lëtzebuerger Artisten, wéi “Let me die before I wake” vum Renelde Pierlot mat “Lucilin”.
Mir hunn e Cycle “Mémoire et Résilience” an den Doud spillt do eng grouss Roll. Wéi gi mer domadden ëm? Also wann een déi Fro net kann no enger Pandemie stellen, da si mer als Theater op der falscher Plaz. A kloer gëtt et bestëmmt Leit, déi soen, wëll ech elo nach eppes doriwwer héieren no deem Ganzen? Mä vläicht grad. An do gëtt et jo am Theater dat Flott, datt een dat op eng witzeg Manéier ka maachen.
En zweet Thema ass Griichenland, wou d’griichesch Tragedien “Odipus n& Antigone” nei opgeschafft ginn vu Frank Hoffmann a Florian Hirsch.

Och wann den Tom Leick mat der komplett ëmgebauter leschter Saison net ganz onzefridden ass, sou hofft een awer och elo op méi Mobilitéit. Aus dem Ausland op Lëtzebuerg an ëmgedréint.
Mam Publikum hei, wësse mer, datt een ëmmer begrenzt ass a wa mer wëlle méi spillen, wat jo d’Zil ass, dann ass déi nächst Etapp, datt mer am Ausland spillen. Mä do huet de Covid ganz vill Schued gemaach, well elo ass de ganze Stau iwwerall a jidderee wëll wëll elo mol seng eege Projete weisen.
Danz, Oper, Theater - déi dräi Beräicher bidden eng intressant Offer mat bekannten Nimm: “Carmen”, “Nozze di Figaro” mam OPL; Pina Bausch, Gauthier Dance, “Tartuffe”, “Michael Kolhaas”.

Et gëtt Repris vun “Hedda Gabler” an “AppHuman”. An et gëtt och en neit Märchen “All d’Déieren aus dem Bësch” vun Elise Schmit an Anne Simon.
De Publikum ka kommen. De Covid-Check erlaabt nees 700 amplaz 300 Entréeën. Et sollt ee just net Last Minute optauchen.
