Beyond my eyesWa jonk an erfollegräich Kënschtler am Dialog schaffen

RTL Lëtzebuerg
Jonke Kënschtler eng Chance gi fir mat confirméierten Artisten zesummen ze schaffen, dat ass d'Haaptiddie hannert dem Kollektiv "Beyond my eyes".
Kollektiv "Beyond my eyes"
Jonke Kënschtler eng Chance gi fir mat confirméierten Artisten zesummen ze schaffen, dat ass d’Haaptiddie hannert dem Kollektiv “Beyond my eyes”.

Bei dëser 2. Editioun schaffen 13 Binomen zesummen, dat zum Thema Identitéit. An der dëser multidisziplinärer Expo kann de Spectateur ganz ënnerschiddlech Konschtformen a perséinlech Universumen entdecken. De Kollektiv “Beyond my eyes” gouf virun 2 Joer vun enger Rëtsch Kënschtler, déi sech scho méi laang kennen, gegrënnt. No enger éischten Ausstellung am Carré zu Hollerech, goufe fir dës 2. Editioun erëm e Duoen zesumme gesat, dat aus confirméierte Kënschtler a Jonken, am Alter tëschent 16 a 26 Joer.

Dat sinn dacks nach Schüler aus dem Lycée oder Konscht-Studenten, déi de Kollektiv selwer entdeckt, dat och well eng ganz Rëtsch Enseignanten am Kollektiv mat dobäi sinn a sou jonk Talenter méi einfach entdecken.

Dem Kollektiv geet et dorëm, déi Jonk ze fërderen an hinnen eng Méiglechkeet ze ginn, fir kënnen auszestellen. Ma och den Dialog an den Austausch tëschent den Artiste spillt eng wichteg Rolle.

An dat a béid Richtungen, déi confirméiert Kënschtler huele genee sou vill mat op de Wee wie déi Jonk, sou d’Martine Breuer vum Kollektiv: “Si gesinn dat alles ganz anescht, eisen Horizont gëtt och erweidert, an et ass net ëmmer einfach sou een Dialog mat deene Jonken ze hunn, do muss een sech och era fannen.”

D’Jeannine Unsen ass eng Fotografin, déi schonn zënter Joren hire ganz eegenen Universum, dacks ronderëm d’Bild vun der Fra, kreéiert huet. Hei schafft si zesumme mat der jonker Kënschtler Claudia Pigat, di éischter an der Zeechnung doheem ass. Si haten awer séier een Dialog fonnt, an e Wee wéi se d’Fotografie an d’Zeechnen matenee kënne verbannen.

D’Jeannine Unsen: “A well ech déi Vue hat vun enger statescher Notioun vun der Identitéit, an d’Claudia di vun enger beweeglecher, si mer op d’Iddi komm, eppes Statesches an eppes Beweegleches mateneen ze verbannen.”

Nieft der Expo kënnen d’Spectateuren och un enger Rëtsch Atelieren deelhuelen, sou wie och u Visites guidées, di 13 Binomen an hier Aarbecht nach emol besser kenne leieren. D’Ausstellung an de Rotondes ass nach bis de 14. Abrëll op.

Back to Top
CIM LOGO