85.000 TicketenWacken 2024 a manner wéi 5 Stonnen ausverkaaft

RTL Lëtzebuerg
Wärend eng Partie Metal-Fans e Méindeg wuel nach um Wee vum Festival a Richtung Heemecht waren, ass d'Editioun fir 2024 scho längst nees ausverkaaft.
© afp

Um 20 Auer e Sonndeg den Owend ass de Virverkaf opgaangen. No enger Rekordzäit, nämlech no 4 an enger hallwer Stonn, waren alleguerten déi 85.000 Tickete schonn nees fort.

Fir déi 33. Editioun, déi vum 31. Juli bis den 3. August 2024 ass, goufen antëscht och schonn déi éischt 33 Bands confirméiert, dorënner d’Scorpions, Blind Guardian, In Extremo, Amon Amarth, Sick of it All, Mayhem oder Brutus.

Et ass ze hoffen, dass fir déi nächsten Editioun d’Wieder net nees fir traureg Gesiichter suergt. Iwwer 20.000 Leit mat Ticket goufe jo net méi eragelooss, wéinst Sécherheetsbedenken nom ville Reen.

Back to Top
CIM LOGO