
Ma genee dofir ware mir uechter d’ganzt Land kucken an hunn eng Rëtsch interessant an ënnerschiddlech Expoe erausgesicht. Do ass fir jiddereen eppes dobäi, ob an der Stad, am Süden oder am Norden, ob Musée oder am ëffentleche Raum. Hei eng Iwwersiicht, iwwer wou a wéini di ënnerschiddlech Expoen lafen.
„Orchidées sauvages au Luxembourg “ am Natur Musée (bis den 27. August)
Vu rosa, wäiss, blo, orange, giel a gréng, d’Orchidee gëtt et a bal alle Faarwen. D’ Expo am Naturmusée weist all 45 Zorte vun Orchideeën, déi am Grand Duché wuesse mat hiren ënnerschiddlechen Eegenschaften. Et si botanesch Modeller aus artisanaler Handaarbecht, déi een hei entdecke kann.

„Ukrainian art in danger: Maria Prymachenko “ am Lëtzebuerg City Musee (bis den 3. September)
D’ Maria Prymachenko gëllt als Symbol fir de Fridden a steet fir di ukrainesch Identitéit. Hir faarweg Gouache-Molereie si ganz am Stil vun der „naiver Konscht“, e Stil mat Motiver aus dem Folklor, Märercher a Lidder. Inspiréiert un der ukrainescher Pop-Kultur an hiren Dreem fënnt een an hire Wierker och Legenden aus hirem Heemechtsland erëm.

„Paperworks “ an der Reuter Bausch Art Gallery (bis den 9. September)
Dës Kollektivexpo kuckt zeréck op d’ Expoen a Kënschtler, déi zanter dem Ufank der Galerie dobäi sinn. D’Kënschtler, déi Deel huelen, sinn de Clément Davout, de Gust Graas, den Thierry Harpes, de Jack Hilton, de Julien Hübsch, den Ugo Li, d’Catherine Lorent, d’Chantal Maquet, d’Viki Mladenovski, den Jim Pfeiffer, de Pit Riewer, de Valentin van der Meulen, de Pascal Vilcollet, d’Mia Kinsch, de Kolja Kärtner Sainz an de Max Dauphin. D’Wierker vun deene sëllege Kënschtler sinn alleguer op Pabeier gezeechent a stellen esou e kreative „patchwork“ duer.

„Heat“ an der Galerie Schortgen (bis den 12. September)
„Heat“ ass d’Summer Expo vun der Galerie Schortgen. Et ass eng Kollektivausstellung mat ville Pop Art-Kënschtler a Wierker inspiréiert um Expressionismus oder allgemeng der Moderner Konscht. An domat gläicht et enger Rees duerch d’Konschtgeschicht aus dem 20. Joerhonnert, mat Aflëss vu villen internationale Kënschtler. Am Ganze sinn 33 Kënschtler an der Ausstellung vertrueden.

„EMoP Arendt Award“ am Arendt House (bis den 10. September)
Den EMoP Arendt Award gouf 2013 am Kader vum European Month of Photography gegrënnt, fir d’Nowues-Kënschtler ze ënnerstëtzen. Di fënnef nominéiert Fotografe, den Cihan Çakmak, d’Ulla Deventer, den Jojo Gronostay, d’Livia Melzi an d’ Karolina Wojtas stellen am Arendt House aus. All nominéierten Artist huet sech op seng individuell Manéier mam Thema “Rethinking Identity” ausernee gesat an huet iwwer déi gewéinlech Clichéë ronderëm d’Identitéit eraus gekuckt. Den Jojo Gronostay huet besonnesch ervir gestach fir säin innovative Charakter a seng kreativ fotografesch Expressioun an huet domat och de Präis kritt.

„Luxembourg in Transition“ am LUCA – Luxembourg Center for Architecture (bis den 7. Oktober)
Am Kader vum «Luxembourg in Transition» hu wärend 2 Joer 10 international Ekippen un Zukunftsvisiounen fir en CO2-frëndlecht Lëtzebuerg geschafft. D’Resultater vun de véier finalen Ekippen ginn dann elo am LUCA (Luxembourg Center for Architecture) engem breede Public gewisen. D’Zil vun der Ausstellung ass et ze weisen, wei grouss Problemer ronderëm den CO2-Ausstouss um Lëtzebuerger Territoire sinn. A gläichzäiteg ginn awer och nohalteg Zukunftsvisioune virgestallt.

„Dude 77 “ zu Diddeleng (bis den 20. August)
De Kënschtler Änder Depienne huet sech mat der Diddelenger Gemeng zesummegedoen, fir aus engem eidele Buttek en temporären Ausstellungsraum ze kreéieren. An der Expo „Dude 77 “ stelle 6 Lëtzebuerger Kënschtler zesummen an der neier Galerie hir Wierker aus, dorënner den Tino Camarda, de Raymond Colombo, den Andre Depienne, de Jo Malano, d’Yvette Rischette an d’Myriam Zimmer. Dat Ganzt fënnt een an der 77, Avenue G.D. Charlotte zu Diddeleng.

„Natur’s Luxembourg “ am Schlass zu Veianen (vum 19. August bis den 19. November)
Et ass wéi eng Wanderung duerch de Grand Duché. Am Schlass zu Veianen ginn dem Raymond Clement seng grouss Panoramafotografië engem d’Gefill direkt an der Natur ze sinn. A senge Wierker gesäit ee säin aussergewéinleche Lien zu sengem Ëmfeld. D’Fotoe vum Raymond Clement weisen d’Géigend vum Mëllerdall, d’Wise laanscht d’Our an der Uewersauer wéi se sinn.

Clierf am Cité de l’ image (bis den 9. Oktober)
Ob am Schlassgaart, dem Jardin du Bra’haus, den Arcaden, dem Jardin de Lélise oder der Echappée Belle, uechter ganz Klierf fënnt een den Ament Fotografien vun sëllege Lëtzebuerger Kënschtler. Dorun deelhuelen d’Véronique Kolber, d’Marie Capesius, de Marc Schroeder, d’Jeannine Unsen, de Bruno Oliveira an de Boris Loder. Ënner fräiem Himmel thematiséieren hir Installatiounen den Debat iwwer wou, wéi eng Konscht ausgestallt gëtt. Am ëffentleche Raum gëtt dem Public d’ Konscht quasi imposéiert, wougéint ee beim Musée fräie Choix huet hin ze goen, esou d’ Asbl Cité de l’image. Dohier soll d’Konscht dem Lieu entspriechen a genee dat gesäit een zu Clierf.