
Queen ass eng vun deene Bands, déi d’Museksgeschicht gepräägt hunn an dat nach bis haut. Sämtlech verëffentlech Studioalben zanter hirem Duerchbroch 1974 hunn d’Plaz 1 an den Charts erreecht. Mat ronn 200 Millioune verkaaften Alben ware si dann och eng vun de weltwäit kommerziell erfollegräichste Bands. Ma net just.
Queen war an de 70er an 80 er Joren och eng vun den erfollegräichste Livebands. Iwwer 700 Concerte hu si gespillt bannent 16 Joer, dorënner dann och ee ganz memorabelen hei am Land. De 14. Oktober 1973 stounge si am Kader vun hirer alleréischter Tournée, der Queen I Tour, am Blow Up um Lampertsbierg op der Bün. A wann ee bedenkt, dat fir e Konsommatiounsbong vun deemools 55 Lëtzebuerger Frangen, also dräi Mol näischt.

War Dir ieren deemools mat dobäi? Wousst Dir vläicht do mol nach guer net, wien do op der Bün steet?
Geet een op eng musikalesch Zäitrees a sicht no de beschte Livebands vun allen Zäiten, steet Queen ganz uewen op der Lëscht. Ma vläicht hutt Dir jo schonn emol esou ee Star begéint, deemools nach als onbekannte Sänger a sengen Ufäng, ouni ze wëssen, dass dës Persoun eemol ee Weltstar gëtt. Spontan falen engem do Nimm a wéi Michael Jackson, Lenny Kravitz oder nach d’Lady Gaga...
Dir hat esou ee Moment, dann deelt dës Erfarung mat eis.