
Déi brittesch Regierung huet en Dënschdeg annoncéiert, dass auslännesch Gäscht weider keen Entrée muss bezuelen, fir an en nationale Musée ze goen. Zanter 25 Joer ass a bleift dat de Fall, nodeems Iddien opkomm waren, dem finanzschwaache Secteur op déi Manéier ënnert d'Äerm ze gräifen.
No méintelaangen Diskussiounen huet sech de Kulturministère géint d'Ophiewe vun Entréesgeld decidéiert, aus Angscht, och déi heemesch Visiteure kéinten domat vun eventuelle Visitten an de brittesche Muséeën ofgehale ginn. Weider huet de Ministère matgedeelt, dass duerch d'Muséeën all Joer méi wéi eng Milliard brittesch Pond an d'Ekonomie géinge fléissen.
D'lescht Joer ware méi wéi 7 Millioune Visiteure gezielt ginn am Natural History Museum a bal 6,5 Milliounen am British Museum, allebéid an der Haaptstad London. Der Regierung no waren tëscht 2023 an 2024 ronn 43 Prozent vun de Visiteuren aus dem Ausland. Fir temporär Ausstellunge muss een dogéint an de brittesche Muséeën Entrée bezuelen.