
An deem Kader trieden ënnert anerem Coldplay, Billie Eilish oder den Ed Sheeran de 25. September op ënnerschiddleche Plazen op. Wéi d’Organisatioun Global Citizen en Dënschdeg matgedeelt huet, wäert d’Evenement 24 Stonne laang daueren an op der Tëlee an um Internet iwwerdroe ginn.
Zu Paräis stinn nieft dem Ed Sheeran och Black Eyed Peas, Doja Cat an den DJ Snake op der Bün. An der franséischer Haaptstad gi sech eng 20.000 Spectateuren erwaart. Um Big Apple kënne sech Museksfrënn iwwert d’Performance vu Coldplay, Billie Eilish, Lizzo, Jennifer Lopez, Cyndi Lauper, Camila Cabello a Lang Lang freeën.
Och Stied wéi Rio de Janeiro, Los Angeles oder Sydney sinn am Gespréich. Donieft sollen nach BTS, Lorde, Metallica an The Weeknd optrieden. Ob live oder schonn am Viraus opgeholl, muss nach gekläert ginn.
Wichteg ass bei dësem Evenement d’Sécherheet vum Public a vun de Kënschtler. Dowéinst gëtt zum Beispill zu Paräis de “Pass sanitaire” verlaangt. Zu Lagos gëtt de Concert an engem méi klenge Kader organiséiert an zu New York mussen alleguerten d’Visiteure geimpft, geheelt oder getest sinn.
Fir u Concertsticketen ze kommen, kënnen d’Fans d’Campagne um Site GlobalCitizenLive.org ennerstëtzen.