
Wien de Grand-Duché hei vertrëtt, steet nach net fest. Dat wäert sech de 25. Januar 2025 zu Esch an der Rockhal decidéieren. Da wäert nämlech den zweeten „Luxembourg Song Contest“ organiséiert ginn. Eng live Télé-Show mat Public, an där d’Finaliste géinteneen untrieden. De Public an eng international Jury wäerten decidéieren, wei e Song a wéi e Sänger oder Sängerin, respektiv wéi eng Band Lëtzebuerg um ESC wäert vertrieden.
D’Aschreiwunge lafen nach bis de 6. Oktober 2024. Eng international Fachjury wäert an den Auditions déi bescht Kandidaten auswielen, déi um Luxembourg Song Contest derbäi sinn.
De Virverkaf fir d’Ticketen, fir live am Public an der Rockhal beim LSC derbäi ze sinn, wäert Enn vum Joer lassgoen.
Artiste mussen:
Song:
Aschreiwe kann ee sech op eurovision.lu. Weider Informatioune ginn et an der Pressematdeelung vum LSC!