
Eng Maus op engem Schëff, ok... mä als Kapitän? Déi kleng Maus Finn dreemt dovun, fir eng Kéier op engem grousse Schëff iwwer d'Weltmierer ze seegelen. Onméiglech! Oder? Den ale Kapitän Tim gleeft un hien an zesumme fanne si eraus, wat alles méiglech ass, wann ee sech nëmmen drugëtt.
De Gilles Kolbet, Auteur vun de Kannerbicher "Pantastesch" 1 an 2, huet sech eng lëschteg Geschicht ausgeduecht, de Ronny Peiffer huet d'Biller dozou gemoolt. "Ahoi, Kapitän!" ass net just fir ze liesen, mä och fir ze lauschteren an et sinn och flott Lidder dobäi fir matzesangen!
Den Auteur Gilles Kolbet huet op e puer Froe geäntwert:
Wéi sidd Dir op d’Iddi fir de Kapitän Finn komm?
Gilles Kolbet: "D'Iddi hannert dem "Ahoi, Kapitän!" ass eigentlech aus mengem Alldag als Enseignant entstanen. Ech erliewen ëmmer nees Situatiounen, an deenen ee gesäit, datt Kanner sech selwer heiansdo manner zoutrauen, wéi se eigentlech kéinten.
Net jidderee bréngt déi selwecht Viraussetzungen oder Stäerkte mat, mee dat heescht nach laang net, datt een dowéinst manner erreeche kann. Datt hannert deem, wat een erreeche wëll, Engagement, Ausdauer an Aarbecht stiechen, ass ee wichtege Punkt, deen oft vergiess gëtt.
Eng weider wichteg Roll spillt awer och de Kapitän. Hie kuckt net op dem Finn seng Gréisst oder op dat, wat en op den éischte Bléck ass, mee erkennt seng Begeeschterung, seng Motivatioun a säi Potenzial.
Hie schenkt him säi Vertrauen a bréngt domat eppes a Beweegung. Heiansdo brauch et nämlech just eng Persoun, déi un ee gleeft, engem e bëssen de Réck stäerkt an d'Méiglechkeet gëtt, iwwer sech selwer erauszewuessen.
Et war mir wichteg, dëse Gedanken op eng spilleresch Manéier an d'Geschicht anzebauen."
Wéi huet d’Zesummenaarbecht mam Illustrateur Ronny Peiffer funktionéiert?
Gilles Kolbet: "D'Zesummenaarbecht mam Ronny Peiffer huet ganz gutt funktionéiert. 2023 hunn ech him de Projet a meng Iddie fir d'Illustratioune virgestallt. Duerno konnt hie seng eegen Erfarung a seng kreativ Handschrëft als Illustrator mat abréngen an de Personnagen eng visuell Identitéit ginn. Dat ass natierlech ee Prozess, deen ëmmer nees ugepasst gouf, bis dass ee schlussendlech um Punkt war, wou de Projet an eng nächst Etapp konnt goen."
Wien huet d’Lidder geschriwwen, komponéiert an opgeholl, a wéi ass dat ofgelaf?
Gilles Kolbet: "Fir déi musikalesch Ëmsetzung an d'Héiergeschicht hunn ech de Claude Zeimes, deen ënner anerem och d'Musek fir de lëtzebuergesche Pavillon op der Expo zu Osaka komponéiert a produzéiert huet, ugefrot. Well mir och schonn déi läscht Joren u verschiddene Projeten geschafft hunn, huet et mech gefreet, dass hien och hei nees wollt dobäi sinn. D'Opnamen zum Buch goufen a sengem Studio gemaach.
Bei de Lidder gouf hien duerch d'Martina Menichetti, eng Musekspädagogin, déi och vill an der Philharmonie aktiv war, ënnerstëtzt a begleet."
Gëtt et iergend eng Anekdot ronderëm d’Buch?
Gilles Kolbet: "Ahoi, Kapitän!" ass mäin éischte komplette Buchprojet, bei deem ech net nëmmen als Auteur, mee och als Editeur aktiv war.
Duerch d'Zesummenaarbecht mat den Editions Ernster hat ech an de leschte Joren d'Méiglechkeet, hannert d'Kulisse vun enger Buchproduktioun ze kucken a vill iwwer déi verschidden Etappen ze léieren, déi néideg sinn, bis e Buch am Geschäft läit."
"Ahoi, Kapitän!"
Gilles Kolbet (Text)
Ronny Peiffer (Illustratiounen)
Erauskomm bei: Miramer Luxembourg
Fir Kanner vun 3 Joer un
ISBN 978-99987-687-0-3
20€