Best Event AwardsTrounwiessel an dräi Kategorien nominéiert

Jean-Marc Turmes
Zu Lëtzebuerg war den Trounwiessel definitiv den Event vum Joer 2025. Elo kann dëse souguer international geéiert ginn.

E Freideg den Owend ginn zu Venedeg d'Awards fir déi beschten Events vum Joer verdeelt. Dat am Kader vum "Bea World Festival".

Nominéiert ass och e Lëtzebuerger Event, nämlech den Trounwiessel. Organiséiert gouf dee jo vum Atelier a Showtime Entertainment Services.

An dräi Kategorien ass den Trounwiessel nominéiert: "State Event", "Specific Use of Public Space", a "Cultural event".

En Donneschdeg haten all d'Nominéiert sechs Minutten Zäit, hire Projet ze presentéieren. E Freideg den Owend ass dann e Gala Dinner mat der Präisiwwerreechung.

Den Detail zu den Nominatiounen an dem "Bea World Festival" fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO