
Nodeem déi lescht dräi Joer "Wham" sech kloer duerchgesat hat, an domadder d'Chrëscht-Lidd-Kroun opgesat krut, war dëse Klassiker aus dem Joer 1984 dëst Joer net méi an der Selektioun mat dobäi. Dëst bedeit awer net, datt d'Lidd net och an eisem Chrëschtprogramm wäert optauchen.
20 aner Lidder waren an der Course, déi awer just eent gewanne konnt. Am Ufank hat et no engem Kapp u Kapp rennen tëscht dem Chris Rea an dem Mariah Carey ausgesinn, woubäi sech am Laf vun der Woch awer "Driving Home for Christmas" kloer ofsetze konnt. 15 Prozent vun den 2.813 Stëmmen, déi erakoumen, ware fir dem Chris Rea säi bekannte Song aus dem Joer 1986.
"All I want for Christmas is you" vum Mariah Carey konnt sech déi zweet Plaz séchere mat 11 Prozent respektiv 307 Stëmmen. Dat ass eng Stëmm méi, wéi d'Melanie Thornton, deem säi "Wonderful Dream" domadder eis Topp 3 komplett mécht.
Vun dësem Sonndeg dem 1. Advent u verwandelt sech d'RTL Hitmaschinn an "d'Hitmaschinn Chrëschdagseditioun". An deem Kader gëtt dann déi musikalesch Chrëschtzäit um Radio offiziell agelaut an dat, wéi Dir selwer decidéiert hutt, mat "Driving Home for Christmas" vum Chris Rea. All déi aner Lidder, déi mat an der Auswiel waren, sinn op de véier Adventssonndeger, zesumme mat anere Chrëschtlidder verdeelt ze héieren.
Dobäi wäert et awer net bleiwen, well vun Niklosdag bis Chrëschtdag wäerten d'Lidder, déi esou flott an dës Zäit passen, ëmmer nees am Programm ze héiere sinn.
Rendez-vouse fir d'Chrëschtdagseditioun vun der Hitmaschinn sinn déi nächst véier Sonndeger all Kéier vun 9 bis 11 op RTL Radio Lëtzebuerg.