All puer Woche vu Mäerz bis Oktober presentéieren zwee nei Kënschtler an der Galerie hir Kreatiounen. Sou kann een den Ament d‘Wierker vun de Schwësteren Danielle a Martine Grosbusch entdecken.
Vun Installatiounen aus Schiefer bis zu Kreatiounen aus Holz, d‘Martine Grosbusch setzt sech an hirer Konscht intensiv mat natierleche Matièren auserneen an dee physeschen Dialog ass et och, dee si un der Skulptur besonnesch faszinéiert.
Hir Schwëster, d‘Danielle Grosbusch, huet sech deene leschten 10 Joer virop mat botaneschen Zeechnunge beschäftegt, ma hire Schafensprozess féiert si ëmmer nees bei hir grouss Leidenschaft, d‘Gravure. An der Veianer Konschtgalerie weist si ënnert anerem e Wierk, dat si och 2023 bei der Biennale “De Mains de Maîtres” zum Thema “le geste et le territoire” presentéiert hat. Inspiréiert vun de portugiseschen Azulejos huet si Deeler vun ale Gravuren zu verschiddene Plättercher zesummegesat a sou eppes ganz Neies kreéiert.
Déi gemeinsam Ausstellung vun deenen zwou Schwëstere kreéiert eng Symbios tëscht hire ganz individuellen Ausdrocksformen a Perspektiven.
D‘Expo an der “Veiner Konstgalerie” leeft nach bis de 14. Abrëll.
D’Galerie ass op vu Mëttwochs bis Sonndes an dat vu 14 bis 18 Auer.