Eng op de Bak mat KonsequenzenWill Smith fir 10 Joer bei den Oscar-Galae gespaart

RTL Lëtzebuerg
Wärend der Oscar-Zeremonie hat den US-Acteur jo dem Komiker Chris Rock eng op de Bak ginn, well dee seng Fra beleidegt hat.
© AFP/Archiv/Robyn Beck

Elo muss den 53 Joer ale Schauspiller mat de Konsequenze vu sengem Handele liewen. E Freideg den Owend huet d’Academy of Motion Picture Arts and Sciences matgedeelt, dass hien déi nächst 10 Joer net méi dierf un den Oscar-Zeremonien deelhuelen. Wärend deem selwechten Zäitraum sinn och aner Evenementer vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences fir hien tabu.

Kuerz éier de Will Smith e Sonndeg den Oscar fir de beschte Schauspiller fir seng Roll als Papp vum Serena a Venus Williams am Film King Richard krut, huet hien dem Moderator Chris Rock eng op de Bak ginn. De Komedien hat en offällege Witz iwwert d’Jada Pinkett gemaach. No sengem “Ausrutscher” huet sech de Will Smith an engem Statement entschëllegt a gesot, säi Behuelen op der Präisiwwerreechung wier “schockéierend, schmäerzhaft an net z’excuséieren” gewiescht. Hie géing och méiglech weider Schrëtt vun der Filmakademie acceptéieren.

Back to Top
CIM LOGO