Am Kader vum Casino hirer “Triennale Jeune Création” hat si eng Konschtinstallatioun gemaach, bei där et ëm d’Thema sexuell Belästegung gaangen ass. Kuerz drop gouf dunn decidéiert, zousätzlech e Workshop ze organiséieren, an der Hoffnung méi Leit ze erreechen an de Message weider ze verbreeden.
De Workshop war dëse Samschdeg vun 9 Auer moies bis an den Nomëtten eran. Vun den 10 oppene Plaze waren der am Endeffekt dräi besat. Ugefaangen hu si mat enger Konversatioun iwwer de Participanten hir perséinlech Experienzen an Usiichten.
Am Nomëtteg hu si sech du verschidde Konschtwierker ugekuckt, déi d’Thematik vun der sexueller Belästegung opgräifen. Dëst sollt d‘Participanten inspiréieren, fir en eegent Konschtwierk ze plangen oder sur Place ze maachen. D‘Iddi wier et dann, an Zukunft méi dacks sou Workshoppen ze organiséiere an esou den Austausch duerch d’Konscht ëmmer méi ze promouvéieren.