
All Musekliebhaber oder BD Fanatiker kënnt de Weekend vum 19. bis 21. Juli op säi Goût. Sief et op engem Museksfestival oder aneren Evenementer, an der Stad, am Süden oder am Osten. Hei sinn eis Top 5.

Ganz an de Flow vun elektronesche Beats kënnt een dëse Weekend am Park um Belval. Vum 19. bis den 21. Juli ass déi 4. Editioun vum Flow-Music-Festival. Um Line-Up stinn e puer méi etabléiert lëtzebuergesch Bands awer och vill jonk Artisten. Gläichzäiteg sinn awer och en Design Maart a Workshops mat dobäi. De ganze Line-Up a weider Informatioune fannt dir hei.

Dee beléifte Rendez-vous fir BD-Fans feiert scho seng 30 Joer. Och dëst Joer ass den internationale Bande-Dessinée-Festival nees zu Conter. Illustratiounen, Gesang, Animatioun an Aussteller dorënner ronn 50 international Auteuren an 10 Lëtzebuerger Auteure si mat dobäi. Den Highlight ass eng grousser BD-Parad um Sonndeg.

Déi mediterran Kultur fënnt mam Festival Sete Sóis Sete Luas säi Wee op Esch. Am Kader vun der Biennale 2024 feiert de Festival seng 31. Editioun. Ronn 30 Stied aus 12 portugisesch sproochege Länner hu sech zu Esch zesummegedoen, fir dem Public hir Kultur mat Musek méi no ze bréngen. Déi genee Artiste fannt Dir um Site vum Festival.