Open Air um KierchbiergZäitrees duerch 20 Joer Arctic Monkeys

Pierre Weimerskirch
Wärend annerhallwer Stonn huet déi brittesch Indie-Rock-Band gewisen, wéi villfälteg se ass, an de Public duerch 2 Joerzéngte vun hirer Musek gefouert.
D'Artcitc Monkey live zu Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet déi brittesch Indie-Rock-Band e Concert vrun der Luxexpo um Kierchbierg gespillt.

Mat 15.000 verkaaften Tickete war de Concert um Parking virun der Luxexpo ausverkaf. Et war den Optakt vun den Open Air Concerte vum Atelier um Parking virun der LuxExpo. Dat nodeems de Concert vum Lizzo huet missen ofgesot ginn.

D’Stëmmung um Site war ausgelooss an déi vereenzelt Reendrëpsen um Dënschdegowend waren éischter eng kuerz Ofkillung.

Zäitrees duerch knapp 20 Joer Indie-Rock

Gegrënnt goufen d’Arctic Monkeys am Joer 2002, den éischten Album mam Titel “Whatever People Say I Am, That’s What I’m Not” koum 2006 eraus. Op d’Single “I Bet You Look Good on the Dancefloor” vun dësem Album hunn d’Fans bis ganz zum Schluss misse waarden. Musek vun der éischter Stonn huet d’Band gespillt, ma genee esou Stécker vum aktuellsten Album “The Car” vun 2022 . “I Ain’t Quite Where I Think I Am” oder och “There’d Better Be a Mirrorball” weisen, datt sech de Museksstil vun den Arctic Monkeys an de Jore liicht verännert huet, méi Richtung Pop-Rock.

© Pierre Weimerskirch

Wat mécht den Erfolleg aus?

D’Fans vun de Britte si ganz ënnerschiddlech, eng Rei sinn der vun der éischter Stonn, et huet een awer och vill jonk Gesiichter gesinn, déi d’Band rezent kennegeléiert hunn. Vill Jonker hu sech ënnert déi dausende Fans um Kierchbierg gemëscht.

D’Erfollegsrezept vum Quartett vu Sheffield ronderëm de Frontmann Alex Turner ass d’Kombinatioun vun de lyreschen Texter, gekoppelt mat genialen instrumentale Soloen an d’Spill mam Rhythmus. “Do I wanna know”, eent vun de bekanntste Lidder vun den Arctic Monkeys, ass do nëmmen ee Beispill fir déi musikalesch Villfalt.

505, Do I Wanna Know?, Fluorescent Adolescent, Arabella, Do Me A Favour, … Währent annerhalwer Stonn hunn d’Arctic Monkeys de Kierchbierg an e Concerstsall verwandelt. Um Enn huet ee vill zefridde Gesichter gesinn.

Weider Open Air Concerten um Kierchbierg

D’Arctic Monkeys spillen iwwert de Summer eng ganz Rei Open Air Concerten, Lëtzebuerg war do eng Statioun. Eng Rei weider Open Air Concerte sinn nach déi nächst Deeg um Kierchbierg, esou spillt de 7. Juli de Paul Kalbrenner Open Air virun der Luxexpo. De Robbie Williams mécht mat sengen zwee Concerten den 10. an 11. Juli den Ofschloss.

Back to Top
CIM LOGO