No bal 2 Joer PausZeréck an d'Normalitéit mat der Eemaischen

Tim Morizet
No bal 2 Joer Paus war et e Méindeg den offizielle Retour fir d'Eemaischen an dat hu sech déi mannste Leit huele gelooss.
Zeréck an d'Normalitéit mat der Eemaischen
No bal 2 Joer Paus war et e Méindeg den offizielle Retour fir d’Eemaischen an dat hu sech déi mannste Leit huele gelooss.

Sief et an der Stad oder zu Nouspelt – d’Stroosse war schwaarz vu Leit. Dat natierlech zur Freed vun de Péckvillchen-Enthusiasten.

Mat direkt 2 neie Péckvillercher huet sech den Organisateur - Comité Alstad - dëst Joer nees an der Stad presentéiert. Wéi d’Traditioun et verlaangt, waren et um Ouschterméindeg 61 Stänn, déi hiert Handwierk ronderëm de Fëschmaart presentéiert hunn. De Succès war enorm.

De Péckvillche kritt ëmmer méi Succès. D’Leit streide sech, fir de schéinsten ze kréien. Mir si frou, datt déi Traditioun trotz Pandemie weider unhält.”, esou de Guy Jourdain, de President vum Comité Alstad.

Trotz dem grousse Succès hofft een, d’nächst Joer nees e wichtegen Deel vun der Eemaischen-Traditioun zeréck an d’Stad ze bréngen.

Mir hoffen, datt mer fir d’nächst Joer och nees deen een oder aneren Aulebäcker vun Nouspelt dobäi hunn. Déi da sou wéi fréier hir Produiten an der Stad verkafen a mëttes zu Nouspelt. Mir sinn a Kontakt mat Nouspelt, fir déi richteg Eemaischen, wéi fréier, nees opliewen ze loossen.

Dat huet e Méindeg an der Stad awer keen zeréckgehalen. Duerch dat gutt Wieder motivéiert sinn dausende Leit duerch d’Stad gebëselt.

“D’Eemaischen ass u sech och den Ufank vun eiser touristescher Saison. Et ass flott fir d’Leit, fir och nees e Fest ze hunn. Et ass eppes wéi mir et zanter 2 Joer net méi haten an et gesäit een de Succès. D’Leit sinn de Moie scho komm. Um 9 Auer stoung de Fëschmaart hei scho voll.”, esou de Patrick Goldschmidt aus dem Stater Schäfferot e Méindeg.

D’Eemaischen ass och e Magnéit fir Touristen. Um Ouschterweekend war et e „complet” fir d’Hoteller an der Stad.

Eriwwer dann op Nouspelt. Jo, hei lieft een d’Eemaischen. Am Doheem vun den Aulebäcker huet een déi lescht Deeg schonn den Ufank vum Fréijoer gefeiert. Et huet ee geruff an d’Leit si komm.

Ech menge fir eis alleguer, déi am Veräin dobäi sinn, waren déi lescht Deeg einfach en immenst Gefill. Den éischten Dag ass eis um Bal schonn d’Héngerhaut vu Freed ausgaangen. Et ass meeschtens dat éischt Fest am Fréijoer, wou d’Leit nees erauskommen. Wou mer d’Leit nees gesinn. An och wann een eleng oder zu zwee kënnt, et begéint een ëmmer Leit, déi ee kennt an et kënnt een a flott Gespréicher. An et gesäit een hei, datt mer eppes fäerdegbruecht hunn, datt d’Leit no enger Pandemie nees zesummefannen.”, esou den Nicolas Berton vun der Nouspelter Eemaischen.

Bal 2.000 Péckvillercher goufen op der Eemaischen zu Nouspelt produzéiert. Et ass eng Traditioun, déi och no sou ville Joren nach ëmmer gutt bei de Leit ukënnt.

Back to Top
CIM LOGO