Dräi Deeg - vun dësem Donneschdeg bis e Sonndeg - si souwuel Lëtzebuerger, wéi och auslännesch Museker an Aktioun. Sou verschidde wéi d’Museker sinn och d’Kläng, déi am Trifolion erkléngen.
Den Iechternacher Trifolion huet sech nei erfonnt a sou bitt en am Laf vum Joer ëmmer nees musikalesch Héichpunkten un. Dës Kéier gëtt den Jazz ervirgehuewen an dat gëtt dem Direkter Maxime Bender, dee jo selwer Jazz-Museker ass, d’Geleeënheet, seng Kontakter a seng Virléifte spillen ze loossen. D’Owender sinn no Themen arrangéiert. Mol läit de Schwéierpunkt op Fraestëmmen, mol op arabeschem Jazz. Et ass net einfach, seng Wënsch mat den Toure vu bekannte Museker iwwert eneen ze bréngen.
De Lëtzebuerger Grupp vum Stefano Agostini huet säi Projet Point Cloud Echo virgestallt. Jazzmusek entwéckelt hier Kläng am engem Ëmfeld vun elektronescher Musek, déi sech wéi Niwwel op déi aner Noute leet an hinnen nei Klangméiglechkeete liwwert. Déi dräi Lëtzebuerger Stefano Agostini, Pit Dahm an de Jérôme Klein mat hire belsche Kolleege Sellanoye, Derudder an Decock beweegen sech mat Liichtegkeet tëschent Avantgarde a klasseschem Jazz hin an hier. Dat tréischt iwwert dat trauregt Wieder dobaussen ewech.