Genau wéi bei “Krieg der Träume” ass och “Die Spaltung der Welt” eng Mëschung aus Archivmaterial an nei gedréiten Zeenen, déi deelweis zu Lëtzebuerg, deelweis an der Belsch, an Däitschland an a Pole gefilmt ginn.
Iwwer sechs Episode suivéiert de Spectateur sechs historesch Personnagen, déi a verschiddene Länner uechter d’Welt an der Phas nom 2. Weltkrich gelieft hunn, notamment an Däitschland, Israel, Frankräich, der Sowjetunioun an de Vereenegte Staaten. Passend dozou ass och d’Ekipp, déi un der Serie schafft, immens international. D’Regie vum Film mécht de Belsch Frank Devis (“Undercover”, 2020) - aner Episode gi vun der polnescher Regisseurin Olga Chajdas (“Wataha”, “1983") iwwerholl.
D’Serie gëtt am Laf vum nächste Joer op RTL diffuséiert, zesumme mat “Krieg der Träume”, an deem ënner anerem de Luc Feidt an den André Jung ze gesi sinn. E genauen Diffusiounsdatum ass den Ament nach net gewosst.
D’Kolleege vun RTL Infos ware beim Dréi vun der Episod iwwer den Nikita Khrouchtchev op der Schëfflenger Schmelz dobäi.