CAPE a MASKéNADAZwee kulturell Gebuertsdeeg op engem Weekend

RTL Lëtzebuerg
Zu Ettelbréck feiert de CAPE säi 25. Gebuertsdag an zu Bouneweg gëtt dem Kënschtlerkollektiv MASKéNADA säin 30. Anniversaire gefeiert.
© Pixabay

Um Ettelbrooklyn/CAPE Street Festival, dëse Samschdeg de 27. September, kritt ee fir déi 25 Joer vum Kulturzentrum e gemëschte Programm aus Stroossen- a Bünekonscht gebueden. Vun 11 bis 01 Auer triede Kënschtler aus méi wéi 7 Länner, zesumme mat lokale Gruppen, Jugendhaiser an Associatiounen op. Vun Akrobatik, iwwert en Hip-Hop Dance Battle, bis hin zu Concerten ass alles dobäi an den Entrée ass gratis.

Ausserdeem presentéiert de CAPE dëst Joer am Kader vun hirem 25. Gebuertsdag zousätzlech d’Lëtzebuerger Première vun der Show “Flying Steps”. Hei kommen dem Bach seng klassesch Musek mat Elektronik a Breakdance zesummen. Fir dëse Spektakel muss een allerdéngs Entrée bezuelen.

A fir all déi, déi dëse Weekend keng Zäit hunn, gëtt et vum 27. September bis de 14. Dezember eng Expo iwwert déi leschte 25 Joer CAPE ze entdecken. Mam Titel “Past Present Future” kritt een an dëser Ausstellung d’Entwécklung vum Kulturzentrum a sengen Acteure gewisen, an et gëtt iwwer d’Zukunft vum Kulturzentrum reflektéiert.

All Informatiounen op ettelbrooklyn.lu an op cape.lu

© ettelbrooklyn.lu

An der Banannefabrik zu Bouneweg kritt een donieft um “Fetz di Wall” e villsäitege Programm mat Theater, Danz, Musek a Workshops gebuede fir dem Kënschtlerkollektiv säin 30. Gebuertsdag ze feieren. Vum 26. bis den 28. September huet een d’Méiglechkeet op de Festival ze goen. Hei sollt ee sech allerdéngs am Viraus fir verschidden Evenementer Tickete besuergen.

Den éischten Owend ass gratis an hei kritt een nieft der Virstellung vum MASKéNADA Gebuertsdags-Buch och d’Theaterstéck LILITH als Reprise gewisen. Duerno kann een nach bei engem DJ-Set vum Luka Tonnar an John Wolter den Owend ausklénge loossen.

Samschdes ass vun 11 bis 22 Auer e gefëllten Dag. Hei kritt een Danz, Theater, Yoga, e Body & Voice Workshop an och zwee Concerte, vum Serge Tonnar a vum Sascha Ley, gebueden. Um Sonndeg geet de Festival schonn um 15 Auer op en Enn. Gewise kritt een hei awer och nach Danz, Akrobatik an e Monolog. Fir Iessen a Gedrénks ass och op der Plaz gesuergt.

All Informatiounen iwwert de “Fetz di Wall” op maskenada.lu

© maskenada.lu

Däischter Deeg

Et stinn dëse Weekend awer net nëmme Gebuertsdeeg um Programm. Vum 26. bis 28. September ginn am Zentral Atelier vun der Metzeschmelz, déi Däischter Deeg gefeiert. Dat Ganzt ass en Hommage un deen am vergaangene Joer verstuerwene Gast Rollinger, Dichter a Film Pionéier aus der Hiel. Vill vu senge Gedichter sinn am Minett entstanen an dofir organiséieren de FerroForum, den LGE, d’Kulturfabrik an d’Stad Esch dëst Event och genee do.

De Museker a Regisseur Fränz Hausemer huet sech mam Gast Rollinger sengem Wierk beschäftegt an eng Partie vu senge Gedichter am Album Däischter Deeg, wéi och am Dokumentärfilm TERRE ROUGE-Topographie du poète vertount. Am historeschen Zentral Atelier vun der Metzeschmelz treffen also dëse Weekend d’Téin a Biller aus dësem poetesch-cinematographesche Concert op de Stol a Stëbs aus der Héichzäit vun der Lëtzebuerger Eisenindustrie. Dëst jeeweils um 20 Auer.

Back to Top
CIM LOGO