PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Pianist Claude Weber iwwer de Salon Helen Buchholtz am Bridderhaus zu Esch.

Hiren Numm war bis virun en etlech Joer als Komponistin kengem e Begrëff, bis eng Walliss mat Manuskripter vun der  Helen Buchholtz opgetaucht ass. Zënterhier gëtt hiert Wierk, dat se no hirem Doud 1953 hannerlooss huet, ëmmer nees opgeschafft. De Pianist Claude Weber ass vun Ufank u mat derbäi an huet an de leschten 20 Joer ëmmer nees Projeten mat op de Wee bruecht.

Seng Iddi fir am Kader vun Esch 2022 déi gebierteg Escherin aus der bekannter Brauerei a Quincaillerie-Famill Buchholtz&Ettinger zu Eiere kommen ze loossen ass zënter dem 22. September Realitéit. Am Bridderhaus gëtt et bis Enn des Jores de "Salon de Helen Buchholtz", an deem ee Musek, Konscht a Liewen aus der Zäit vu virun 100 Joer entdecke kann.

Do huet de Claude Weber dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer d'Iddi vum Salon, seng Detektivaarbecht ronderëm d'Komponistin  a wéi hie selwer doheem als Bouf de Piano an der Stuff entdeckt huet.

Art Eck: Helen Buchholtz
1877 ass zu Esch déi éischt Komponistin aus der Lëtzebuerger Museksgeschicht op d’Welt komm.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL