Op der griichescher Insel Kythira war d'lescht Joer e blesséierten Adler fonnt ginn. De Vugel, e sougenannte Keeseradler, hat sech dat rietst Been esou komplizéiert gebrach, dass et huet mussen amputéiert ginn. Domat war e weidert Liewen a Fräiheet praktesch net méi méiglech.
Well et eng Mudder vun enger bedreeter Aart Adler ass, hu sech Veterinäre vun der griichescher Hëllefsorganisatioun Anima mat Kolleegen aus Bulgarien, vun Abu Dhabi a London zesummegedoen, fir dem seelene Vugel ze hëllefen. Dräi Operatioune waren d'Suite dovun.
Aus Titan ass bei enger däitsch-griichescher Firma eng Prothees entstanen an dem Déier ugepasst ginn. Bio3Dtech, déi op personaliséiert orthopädesch Léisunge spezialiséiert sinn, hätte scho Protheese gemaach fir Hënn, Kazen an Ieselen, awer nach net fir en Adler, sou e Porte-parole.
No der erfollegräicher Operatioun huet de Vugel d'Prothees fir d'éischt als Friemkierper ugesinn. Mat Hëllef vu laanger Physiotherapie, déi änlech wéi bei engem Mënsch verlaf ass, huet dat wëllt Déier sech awer no a no dru gewinnt a kann elo rëm normal domat goen.
Eraus an d'Wildnis wäert de Keeseradler trotzdeem awer net méi kënnen. Hie gëtt zu Athen an der Klinik vun Anima gehalen a soll do Deel vun engem Programm ginn, an deem Nowuess vun der seelener Spezies gezillt gëtt. Weltwäit sollt et just nach puer Dausend Keeseradlere ginn.