Beim Wuert "Zecken" sti ville Leit d'Hoer zu Bierg. Dëst klengt Déier kann nämlech gäre Krankheeten iwwerdroen. Am bekanntsten ass d'Borreliose. "Et ass net esou, datt wann ee vun enger Zeck gebass oder gestach gëtt, een automatesch Borreliose kritt", esou den Alexander Weigand, Biolog am Naturmusée. "Aner Zecken iwwerdroen zum Deel nach vill méi déidlech Krankheeten. D'Angscht virun Zecken ass doduerch zum Deel ze verstoen. Trotzdeem soll een net bei all Zeckebëss Panik maachen".
Fënnt een u sengem Kierper eng Zeck, soll een déi sou séier ewéi méiglech erauszéien.
Dat selwecht gëllt och fir d'Hausdéieren. Hei ginn et awer nach aner Méiglechkeeten. "Ewéi Collieren oder Medikamenter, déi fir de Mënsch net zougelooss sinn", erkläert den däitsche Biolog.
D'Wanterzeck ass nei zu Lëtzebuerg. Si ass eng vu 14 Zeckenaarten hei am Land. D'Wanterzeck ass ganz staark am Wanter aktiv. "Si kann och d'Malaria beim Hond ausléisen. Dës Krankheet gëllt als absolut déidlech beim Mupp", seet den Dokter Alexander Weigand am RTL Interview.
Zu Lëtzebuerg ginn et Zecken, déi et schonn zanter enger hallwer Éiwegkeet bei eis ginn, ewéi d'Fliedermauszeck oder de "Gemeiner Holzbock". Anerer ginn duerch Mënsch oder Déier importéiert.
"La vie secrète du Naturmusée", esou heescht eng aktuell Ausstellung am Naturmusée.