An der TierkeiGroussasaz vun der Police no Bericht iwwer fräilafende Léiw bei Istanbul

AFP
Videoopnamen, déi wéi et schéngt eng fräilafend Léiwen-Damm weisen, hunn ee Groussasaz vu Police a Fierschter bei Istanbul ausgeléist.
Videoaufnahmen, die offenbar eine freilaufende Löwin zeigen, haben einen Großeinsatz von Polizei und Forstleuten nahe Istanbul ausgelöst. Experten suchten mit Wärmebildkameras und einer Drohne nach dem Tier.
Eréischt d'lescht Joer war ee Léiw aus engem Fräizäitpark bei Antalya am Süde vun der Tierkei ausgebrach an hat ee Mann attackéiert.
© AFP/Archiv

D'Autoritéiten hunn e Sonndeg den Owend Alarm ausgeléist, nodeems Iwwerwaachungskameraen d'Déier zu Uskumruköy nërdlech vun Istanbul gefilmt haten, wéi d'Naturschutzagence e Méindeg matgedeelt huet.

Ekippe mat Wärmebildkameraen hunn d'Ëmgéigend duerchsicht. Dat nach net identifizéiert Déier wat an engem Bësch gesi ginn, huet d'Agence op X matgedeelt. Mat der Hëllef vun Déierendoktere sollt probéiert ginn, et anzefänken. Et gouf ee Spärgebitt ageriicht. Och eng Dron koum an den Asaz, wéi d'Noriichtenagence Andalou matdeelt.

Wou d'Déier hierkoum, konnt net direkt festgestallt ginn. D'lescht Joer war ee Léiw aus engem Fräizäitpark bei Antalya am Süde vun der Tierkei ausgebrach an hat ee Mann ugegraff. D'Déier gouf duerno erschoss.

Back to Top
CIM LOGO