An der Nuecht op en Donneschdeg waren un der Küst vun Ngawi an Neiséiland eng 50 Grindwalen tëscht Fielse gestrant. Bis en Donneschdeg de Mëtteg Lokalzäit hat den Department of Conservation (DOC) zwou Gruppe confirméiert. An der éischter hätten eng 20 Déieren op der Plage geleeën, véier dovun hätten nach gelieft, zwee hätte bei der Flut nees an d'Waasser kënne gedréckt ginn.
Eng ganz Rei Secouristen, Benevollen a Mieresmedezinner vu Project Jonah haten zesumme mat Mataarbechter vum DOC probéiert, déi iwwerliewend Walen naass a kal ze halen. Trotzdeem ass e groussen Deel vun der Grupp gestuerwen, dorënner och déi zwee Walen, déi virdrun zréck an d'Mier gedréckt gi waren. Awunner hunn am ganze knapp 50 Wale gezielt.
Secouristen hu gewarnt, datt schonn e puer Kadaveren an d'Mier zréckgedriwwe gi wieren, wat d'Sich laanscht d'Küst mat ville Fielse méi schwéier gemaach huet.
Grindwale liewen an enke soziale Gruppen a sinn ufälleg fir Massestrandungen, bei deene ganz Schoulen a flaacht Waasser geroden. Dem DOC no gouf et am Gebitt bei Ngawi zanter den 90er keng Massestrandunge méi. D'Ursaach fir de rezente Virfall muss nach gekläert ginn.
Ëmmer nees kënnt et an Neiséiland zu Strandunge vu Grindwalen: