Amphibie schützenEng Mouke-Bidde fir all Gaart

Nicky Soisson
Eng Plastiksschuel, e bësse Buedem an e puer Liter Waasser: Op den éischte Bléck näischt Aussergewéinleches. Eng sougenannt Moukebidden kéint an Zukunft awer Fräschen, Mouken a Molchen d'Liewe méi einfach maachen.
© www.pixabay.com

Genee esou Moukebidde stellt de SIAS, de Gemengesyndikat fir Naturschutz am Südoste vum Land, de Bierger aus senge Membergemengen gratis zur Verfügung. D'Iddi ass simpel: e klenge Mini-Weier am eegene Gaart uleeën an domadder nei Liewensraim fir Amphibie schafen.

"Dat si sou Mini-Weieren aus dem Baumaart, déi mir de Leit zur Verfügung stellen, fir se an hirem Gaart anzebuddelen. D'Zil ass et, Mouken an aner Amphibien unzezéien", erkläert d'Michelle Clemens.

Datt esou Initiativen néideg sinn, weist d'Situatioun vun den Amphibien zu Lëtzebuerg. Vill Aarte stinn ënner Drock, well ëmmer méi natierlech Liewensraim verschwannen. De Projet geet awer nach e Schratt méi wäit.

"Mir hunn dräi Ziler: zesumme schützen, zesumme fuerschen an zesumme léieren. Mir wëllen de Leit all zwou Wochen, wa si käschere ginn, en Newsletter schécken. Do erkläre mir, wéi eng Déieren observéiert goufen, a mir deelen och d'Resultater vun anere Participanten. Ausserdeem bidde mir Excursiounen un, wou d'Leit mat eis zesumme méi grouss Weiere besiche kënnen an Erklärunge kréien", seet d'Michelle Clemens.

All zwou Wochen kënnen d'Participanten hir Beobachtungen iwwer d'Plattform iNaturalist mellen. Dobäi geet et net nëmme ëm Mouken a Fräschen. An esou enger klenger Waasserfläch entwéckelt sech mat der Zäit e ganze Mikrokosmos. Libellen, Waasserkiewerleken an eng Rei aner Insekten entdecken déi nei Liewensraim séier fir sech.

Dacks gëtt allerdéngs gefaart, datt eng Moukebidden och méi Mustiken unzéie kéint. Do kann d'Michelle Clemens berouegen:

"Ech hunn esou eng Moukebidden bei mir schonn ee Joer virdru installéiert, fir ze kucken, wéi sech dat entwéckelt. Am Ufank huet een effektiv méi Mustiken. Mee relativ séier kommen och hir natierlech Feinden, wéi Libellelarven oder Waasserkiewerleken. Doduerch stellt sech nees en natierlecht Gläichgewiicht an."

Wichteg ass och Gedold. Wien eng Moukebidden installéiert, däerf net erwaarden, datt schonn den nächsten Dag déi éischt Amphibien opdauchen. D'Natur brauch Zäit.

"Am éischte Joer fënnt een nach net esou vill dran. Dat ass en Ökosystem, deen sech fir d'éischt muss etabléieren. Mat der Zäit gëtt en awer ëmmer méi interessant."

Besonnesch fir Familljen a Kanner bitt de Projet eng flott Geleeënheet, d'Natur direkt virun der eegener Hausdier z'entdecken.

Interesséiert Leit kënnen sech iwwer d'Internetsäit vum SIAS umellen. Muer den Owend um 19 Auer ass och eng Informatiounsversammlung zu Wiewesch bei Manternach, wou de Projet am Detail virgestallt gëtt.

Eng Mouke-Bidde fir all Gaart

Back to Top
CIM LOGO