Special Olympics24 Stonne Dribbel Marathon

Nicky Soisson
Dëse Weekend gëtt nees gedribbelt fir de gudden Zweck. An zwar wärend 24 Stonnen, queesch duerch d'Land.
© Special Olympics

Lass geet et e Samschdeg Nomëtteg zu Klierf. Marco Rock alias Rocky vu Special Olympics:

"Um 16 Auer ass den offiziellen Depart. Si fänken do scho géint 14:30 Auer u mat e bësse Rahmenprogramm, mat Barbecue a Gedrénks, wou dann ënner anerem e ganz Bekannten, den Antoine - dat ass en Amerikaner, deen an der Belsch wunnt. Dat ass e Basketball-Jongleur - optrëtt. D'Leit hunn dee bestëmmt schonn um Fernsee gesinn. Si hunn zwou Fanfaren zu Klierf engagéiert déi do mat eis den Ufank mat duerch d'Foussgängerzon Musek spille wa mir duerch dribbelen. Da geet et lass Richtung Wolz."

Vun do aus gëtt et dann déi ganz Nuecht duerch gedribbelt bis ee Moies an der Stad ukënnt:

"Da komme mer iergendwann sonndes moies fréi géint 6 Auer, mengen ech, ënnen am Pafendall u wou mer da mam Funiculaire eropfuere Richtung Kierchbierg, wou mer och am Funiculaire dribbelen. Mir dribbelen iwwert d'Bréck do op Dräi Eechelen, maachen do eng offiziell Foto, dribbelen dann am Tram weider bis op de Findel, wou mer dann déi grouss Éier hunn um Terminal selwer ze dribbelen an deen neien Hotel."

Da féiert de Wee iwwert de Fonds-de-gras bis op Munneref wou d'Arrivée Nomëttes géint 2 Auer geplangt ass.

"Wou mer dann déi zwou lescht Stonnen nach op engem Parcours vu 500 Meter dribbele mat Prominenten, wou Basketspiller, Tennisspiller derbäi sinn an ënnert anerem och Ministeren do mat dribbele kommen."

D'Zil vun deem Ganzen ass et Special Olympics méi bekannt ze maachen:

"Et geet éischtens ëm d'Visibilitéit no baussen. Zweete grousse Punkt ass d'Inklusioun vun deem Ganzen an drëttens siche mer ëmmer rëm benevole Trainere wier an eisen zwielef verschiddene Sportaarten a wat awer nach méi wichteg ass, ass, mengen ech, d'Athlete selwer. Mir hunn eng 230 Stéck, verschiddener sinn do schonn e bësse méi am Alter a mir probéiere Jonker ze rekrutéieren."

https://www.specialolympics.lu/

Back to Top
CIM LOGO