Fir zwou Lëtzebuergerinne goung deen Dram leschte Samschdeg an Erfëllung. An dat mam Johann Lafer Kachstudio zu Guldental, wou de Festdagsmenü preparéiert an zerwéiert gouf an dat an engem festleche Kader.
De Christian Schmit hat déi zwou Dammen dohi begleet.
D'Jeanny Welfring an d'Christiane Cloos waren nawell e bësschen opgereegt a woussten net esou genee, wat si erwaarde géif. Et muss e wëssen, dass si allebéid déi Renconter mam Starkach als Kaddo kruten.
