Wat kënnt an Zukunft op eisen Teller? D'Ernärung vu muer op der Expogast

Philippe Dondelinger
Wéi wäerte mir an Zukunft iessen? Wat fir eng Roll spillen nei Liewensmëttel, alternativ Proteinnen oder modern Zoubereedung's Methoden? Op der Expogast hu mir eis bei de Käch ëmfrot, wéi si d'Entwécklung vun eiser Ernärung gesinn.
Wat kënnt an Zukunft op eisen Teller? D'Ernärung vu muer op der Expogast
Op der Expogast hu mir eis bei de Käch ëmfrot, wéi si d'Entwécklung vun eiser Ernärung gesinn.

D'Kiche vun der Zukunft

D'Welt vun der Gastronomie ass permanent am Wandel. Nei Produiten, modern Techniken an e verännert Bewosstsi fir Ernärung an Nohaltegkeet beaflossen och dat, wat an Zukunft op eisen Tellere kéint landen.

Op der Expogast an der Luxexpo dréint sech alles ëm d'Kachkonscht. Eng Geleeënheet, fir och e Bléck no vir ze werfen. Mir hu bei de Käch nogefrot, wéi si sech d'Ernärung vu muer virstellen a wéi eng Entwécklungen an hiren Aen eng Roll kéinte spillen.

Nei Produiten an al Techniken

Nieft traditionelle Liewensmëttel gewannen och alternativ Proteinquellen, Algen oder Hülsefriichten an der moderner Kichen un Interessi. Gläichzäiteg ginn Techniken, déi et schonn zanter Joerhonnerte gëtt, nei entdeckt. Dozou gehéiert beispillsweis d'Fermentatioun. Mat dëser Method kënne Liewensmëttel net nëmme konservéiert ginn, mee et kënnen och nei Goûten an Aromaen entstoen.

D'Fro ass, wéi eng vun dësen Entwécklunge sech an der Gastronomie an och an eiser Kichen am Alldag duerchsetze kéinten.

Tëscht Genoss an Nohaltegkeet

Bei der Ernärung vun der Zukunft geet et awer net nëmmen ëm nei Ingredienten. Och de bewossten Ëmgang mat Liewensmëttel, regional Produiten an d'Vermeide vu Verschwendung spillen eng Roll.

Dobäi bleift de Goût e wichtege Faktor. Well och wann sech eis Ernärungsgewunnechte veränneren, soll d'Iessen nach ëmmer Freed maachen. Wéi loosse sech also Genoss, Qualitéit an en nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen ënnert een Hutt bréngen?

Wat soen d'Käch?

D'Käch schaffen all Dag mat Liewensmëttel a kréien nei Trends an Entwécklungen an der Gastronomie mat. Mä net alles, wat haut als Innovatioun gëllt, muss och muer op eisen Tellere landen.

Mir wollten op der Expogast wëssen, wéi si d'Zukunft vun eiser Ernärung aschätzen, wat sech an hirer Kiche schonn haut verännert huet a wat fir eng Plaz traditionell Produiten an der Kiche vu muer nach hunn.

E Bléck an eng Zukunft, an där sech vläicht munches verännert, mee an där de Genoss weiderhin eng zentral Roll spille soll an ëmmer prioritär wäert bleiwen.

En Dënschdeg den Owend mellt De Magazin sech direkt vun der Expogast - der zweetgréisster Gastronomie-Foire vun der Welt. Mir fänken d'Ambiance an a kucken, wat d'Gastronomie vu muer ze bidden huet.


E puer Impressioune vun der Expogast

Back to Top
CIM LOGO