RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Jérôme Beck

Patrick Greis
Viru 25 Joer huet de Jérôme mat 'Planet RTL' Tëlees-Geschicht geschriwwen.
© Patrick Greis

Am 'Café des artistes' verréit de Journalist dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, firwat aus den zwee Uleef beim Radio näischt ginn ass a wéi de Casting bei Planet RTL verlaf ass. Mir héieren firwat hien haut op déi obligat Kippchen verzicht, firwat hien bei Coco&Co als Crocodile Dundee duerch d'Bild lafe sollt a firwat hien zu Paräis vun der Police ugehale gouf wéi hien mam Ricky Martin sengem Flocki Richtung Hotel gefuer ass.

D'Dorothée, Boney M, den Dr Sommer an den DJ Firtz sinn en Thema, awer och seng Zäit zu Paräis, d'Schietsäiten vun der Popularitéit an d'Roll als Virbild an der Communautéit ginn ugeschwat mat der Kult-Figur vun der Kanner- a Jugendsendung.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO