RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Louis Linster a Njomza Musli-Linster

Patrick Greis
Si sinn berufflech a privat eng Koppel an zielen iwwer d'Inspekteren vum Guide Michelin, Madeleinen, déi léif Clienten an d'Léa Linster
© Patrick Greis

De Louis Linster a seng Fra Njomza Musli-Linster. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel verréit déi sympathesch Koppel, wéi a wou si sech kennegeléiert hunn, an dass e Familljerot aberuff gouf, ob si zesumme si kéinten.

Mir héiere wéi komplizéiert et war fir d'Demande en Mariage an der Schwäiz ze maachen a firwat de Chef selwer d'Hochzäitsiessen gekacht huet. Et geet rieds vun hirem Fils Léon, deen elo schonn an engem gewëssen Sënn d'Traditioun vum Restaurant weiderféiert. Aner Theme sinn d'Léa Linster, d'Inspektere vum Guide Michelin, Madeleinen, déi léif Clienten an d'Zukunft mat engem Stär méi, awer och d'Kleedung, d'Längt vu sengen Hoer, firwat hie bei de Scouten ofgeholl huet, an dass hien Gittar spille kann.

Piano: Marc Schmidt

Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO