RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Michel Malherbe

Patrick Greis
De Mierscher Buergermeeschter behaapt, dass hien e 'Péggi' ass, a seet, dass dat munches erkläert
© Patrick Greis

Am 'Café des artistes' am Gronn verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hien als Kand op enger Kou geridden ass.

Hie war siwefache Landesmeeschter am Judo an ass een vun de Kadette vun der Sprëtz. Och Fussball huet hie gespillt, awer ouni Chancen op en Transfert. Seng Fra huet hie kennegeléiert duerch e Mëssgeschéck an ass frou an der Belsch d'Arméi als Fallschiermjeeër matgemaach ze hunn, wou en och e puer Kilo verluer huet.

Seng Hënn heeschen alleguerten Sheila wéinst senger Liblingssängerin. Hie fillt sech wuel um Héichsëtz, fiert leidenschaftlech gär mam Trakter a freet sech, firwat Miersch nach ëmmer net als Stad unerkannt gëtt.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO