Fro den AffekotKann een zu Lëtzebuerg einfach op d'Strooss gesat ginn?

Bob Konsbruck
Nee. Zu Lëtzebuerg kann e Locataire net einfach sou aus senger Wunneng gesat ginn. Fir eng Expulsioun ass ëmmer fir d'éischt en Urteel vum Geriicht néideg.
© RTL Archiv

D'Explikatioune vum Maître Jean-Jacques Schonckert:

Grënn fir eng "Räumung" kënne beispillsweis net bezuelt Loyeren, schwéier Problemer am Gebai oder och den Eegebedarf vum neie Proprietär sinn.

Wann de Riichter eng Räumung ausschwätzt, gëtt dem Locataire eng Frist accordéiert, fir d'Wunneng ze verloossen. Fënnt deen an där Zäit keng nei Wunneng, kann hie beim Geriicht eng Verlängerung ufroen. Esou e Sursis ka bis zu zweemol fir maximal dräi Méint accordéiert ginn, virausgesat de Locataire kann noweisen, datt hie seriéis no enger neier Wunneng sicht an och weider säi Loyer bezilt.

Eréischt wann all Fristen a méiglech Verlängerungen ofgelaf sinn, kënnt en Dierwiechter d'Räumung duerchsetzen.

De Maître Schonckert ënnersträicht awer, datt nieft de Rechter vun de Locatairen och déi vun de Proprietäre respektéiert musse ginn. Fir Proprietäre kënnen esou Prozeduren nämlech iwwer Méint, heiansdo souguer méi wéi ee Joer daueren.

Back to Top
CIM LOGO