Um 13.30 Auer ass de Kleesche mam Tram op der Stater Gare ukomm. Mat dobäi den Houseker an d’Engelcher. An der Päerdskutsch goung et dunn op d’Paräisser Plaz, wou ganz vill Kanner op den hellege Mann gewaart hunn. Eng 400 Tute mat Schneekereie goufe un déi brav Kanner vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Grupp Georges Everling vu Gaasperech verdeelt.
Ënner anerem och zu Esch an Diddeleng war de Kleeschen mat senge Gesellen ënnerwee an huet d’Kanner mat Séissegkeeten iwwerrascht.