
E Sonndeg gëtt an der Luxexpo fir de gudden Zweck pedaléiert. Mat dobäi och d'Guinness Buch der Rekorde.
Den 11. Oktober ass de Weltdag vum Organspenden. Hei zu Lëtzebuerg stinn aktuell ronn 100 Leit op der Waardelëscht, fir eng Organtransplantatioun gemaach ze kréien. De Professer Dokter Claude Braun, President vu Luxtransplant:
"Wann Dir eng Defaillance vun engem wichtegen Organ hutt, ob et lo eng Nier ass, een Häerz, eng Liewer, eng Long, dann ass oft d'Transplantatioun déi eenzeg Méiglechkeet, fir iwwerhaapt ze iwwerliewen oder och fir een eenegermoossen normaalt Liewen erëmzegewannen. An dofir ass et natierlech enorm wichteg, datt mer fir déi Leit, déi eben oft onverschëld, ganz onerwaart a plëtzlech an esou eng Situatioun kommen, déi Méiglechkeet zur Verfügung ze stellen. Et gëtt leider och zu Lëtzebuerg, europawäit, weltwäit eng Penurie vun Organer."
D'Asbl Luxtransplant sëtzt sech hei am Land fir d'Organspenden an d'Transplantatiounen an. Si huet sech dann och zur Aufgab gemaach, d'Leit fir de Sujet ze sensibiliséieren. An esou organiséiert dës Associatioun den 11. Oktober hire schonn traditionellen Indoor Cycling an der Luxexpo. Lass geet et um 10 Auer moies:
"Do ass ee grousse Sall, do sti sou wäit iwwer 200 Spinning-Vëloen, wou da sou a 5 Schichten hannereneen d'Leit jeeweils fir annerhallef Stonn dee Vëlo do mussen drécken, méiglechst vill Kilometere maachen, an dat fir de gudden Zweck, nämlech d'Promotioun vun der Organspend zu Lëtzebuerg."
Bis 18:30 Auer gëtt hei fir de gudden Zweck, wéi och déi Jore virdrun, pedalléiert. Ma fir déi 17. Editioun dëse Sonndeg wollt een awer nach eng drop setzen:
"Mir probéieren dëst Joer ee Weltrekord opzestellen oder fir d'éischt Kéier dee Rekord ze maachen, zesumme mam Guinness Buch vun de Rekorden, déi heihinner kommen a wäerte kucken, ob all déi Leit, déi mer lo do versammelen, genuch Kilometer maachen, fir dee Rekord kënnen opzestelle fir déi éischte Kéier."
Iwwer 1400 Leit sinn aktuell well ugemellt, ma et freet ee sech nach iwwert all weidere Support.
"Mir mussen, mengen ech, iwwer 15.000 Kilometer maachen. Do si mer relativ zouversiichtlech an eise But ass eigentlech mat all deene Leit, déi do dann dee ganzen Dag strampelen, eemol ëm d'Welt ze fueren, also gutt 40.000 Kilometer op de Compteur ze kréien."
Umelle kann ee sech ganz einfach iwwert d'Internetsäit vu Luxtransplant
"Wann Der an där Zäit eng Kéier laanscht géingt kommen, kommt eran, maacht mat, begeeschtert Iech. Mir géifen eis riseg fréieren."
Wann Dir e Sonndeg also nach näischt vir hutt, da gitt roueg laanscht luussen an encouragéiert all déi engagéiert Coureuren, fir de Rekord ze briechen!