RekordpuzzleSaarlänner setzt 54.000 Deeler an 99 Deeg zesummen

RTL Lëtzebuerg
Dat ass dem Rekord-Institut fir Däitschland, kuerz RID, no en neie Weltrekord, deen den 62 Joer ale Saarlänner Hans-Josef Schaadt opgestallt huet.
© Photo by Laszlo Pinter / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

De Mann aus Oberkirchen hätt déi 54.000 Stécker missten a manner wéi 137 Deeg zesummesetzen, fir de viregte Rekord ze egaliséieren. E Sonndeg huet hien awer schonn no 99 Deeg dat leschte Stéck agebaut, ugefaange mat sengem Puzzlerekord hat den Här Schaadt den 1. Oktober 2023.

Dem RID no huet den 62 Joer ale Saarlänner domadder elo de Rekord fir dat “séierst Zesummesetze vun engem Puzzle vu 54.000 Deeler (Eenzelpersoun)” opgestallt.

© Photo by Laszlo Pinter / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Back to Top
CIM LOGO