Vum 15. bis de 27. SeptemberSchacholympiad am Usbekistan

Véronique Soisson
En Dënschdeg den Owend ass am Usbekistan d'Erëffnungszeremonie vun der 46. Olympiad am Schach.
D'Schach-Olympiad sinn 11 Partien an all Dag gëtt eng Partie gespillt.
© www.pixabay.com

Schacholympiad am Usbekistan

An deem Kader huet sech e Méindeg d'Lëtzebuerger Nationalekipp op de Wee gemaach, fir bei dëser Olympiad dobäi ze sinn. Ënnert hinnen och d'Nadine Kremer, déi elo scho fir déi fënnefte Kéier mat dobäi ass. Si weess wéi sou eng Olympiad ofleeft:

"D'Schach-Olympiad sinn 11 Partien. All Dag gëtt eng Partie gespillt no der 6. maache mer eng Paus, dass mer eis kënne bëssen erhuelen, Roudag nenne mer dat. An all Partie sinn am Fong 4 Spiller, déi untrieden. Mir entscheeden dat den Owend virdrun, wien den Dag drop d'Paus huet an dat heescht jidderee spillt seng Partie an da gëtt se zum Schluss zesumme gerechent. Et kann ee gewannen, gläich spillen oder verléieren. Dat heescht, bei 4 Brieder kann ee 4-0 gewannen, 4-0 verléieren oder iergendeppes dotëscht, jee no deem wéi d'Spiller hier Partie spillen."

D'Chance fir déi Lëtzebuerger Ekipp stinn dann och guer net sou schlecht:

"Mir sinn do am gudde Mëttelfeld. Also ech hat et lo nogekuckt an de Start-Ranglëschten, d'Damme sinn 58. vun 190 gemellten Ekippen. D'Männer sinn déi 96. vun 208 Ekippen. Also eleng do gesäit ee schonn, Schach ass awer e verbreete Spill. Mir hu bal 400 Ekippen, déi am Usbekistan starten. Eigentlech kënne mer e gutt Resultat maachen, mee et ass net ganz sou einfach. Also grad am Mëttelfeld ass et haart ëmkämpft. An do ass et wierklech den Ufank vum Turnéier, deen den Toun setzt: Wa mer gutt starten, da bleiwe mer dynamesch, si mer dran an da brénge mer hoffentlech gutt Resultater mat op Lëtzebuerg."

© Nadine Kremer

Wie mengt Schach wier éischter eppes fir eeler Männer, deen iert sech:

"Bei eis ass et bëssen duerchmécht. Eis Federatioun setzt an dee leschte Joren méi op sou Verjéngung vun den Ekippen a mir hunn puer ganz erfuere Leit dobäi, déi och scho vill méi Olympiade gespillt hu wéi ech. Ech sinn do éischter sou am Mëttelfeld. A mir hunn och 3 Jugendspiller dobäi, dovunner 2 déi déi alleréischt Kéier eng Olympiad spillen. Also wierklech eng gutt Mëschung tëscht Erfarung an jonkem Éiergäiz."

Wichteg ass awer, egal ob jonk oder al, dass een déi néideg Gedold huet fir déi Sportaart, bei där et elo net op d'Schnellegkeet oder d'Beweeglechkeet ukënnt.

"Dat ass bei eis bësse méi statesch. Ech denken do zum Beispill u d'Patricia Van der Weken seng Course ass an 11 Sekonne eriwwer. Bei eis dauert eng Partie an der Moyenne 2 bis 3 Stonnen. Et kann och mol bis 5 Stonnen daueren, wann ee laang spillt. Et ass eng aner Dynamik."

Mir drécken der Lëtzebuerger Ekipp op alle Fall d'Daumen an hoffen, dass och eng Medail an der Wallis mat heem kënnt.

Back to Top
CIM LOGO