Fro den AffekotSmart-Brëller mat Kamera: Wat ass erlaabt, a wat net?

Bob Konsbruck
Smart-Brëller mat integréierter Kamera a Mikro gesinn op den éischte Bléck wéi normal Brëller aus. Genee dat mécht se praktesch, awer och juristesch sensibel.
© FRANK HOERMANN / SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi de Maître Jean-Jacques Schonckert erkläert, dierf een esou Brëller besëtzen a benotzen. Wien awer aner Persoune filmt oder ophëlt, muss am Prinzip virdrun hiren Accord hunn. Ouni Zoustëmmung riskéiert een eng Verletzung vum Dateschutz an der Privatsphär.

Besonnesch problematesch ass d'Benotzung op Plazen, wou sensibel Donnéeën oder d'Privatsphär eng wichteg Roll spillen, zum Beispill a Praxisse vun Dokteren, Waardesäll, Schwemmen oder op der Aarbechtsplaz.

No den aktuell gesetzleche Reegelen kënne Verstéiss géint d'Privatsphär mat Geldstrofe vun 2.500 bis 50.000 Euro bestrooft ginn. Zousätzlech ass eng Prisongsstrof vu bis zu engem Joer méiglech.

Wann een de Verdacht huet, ouni Zoustëmmung gefilmt ze ginn, kann een déi betraffe Persoun uschwätzen a verlaangen, datt d'Opnam gestoppt oder geläscht gëtt. Donieft besteet d'Méiglechkeet, eng Plainte bei der Police anzereechen oder sech un déi zoustänneg Dateschutzautoritéit ze wenden.

Smart-Brëller kënnen zwar am Alldag nëtzlech sinn, zum Beispill fir Leit déi Problemer mat den Aen hunn. Wéi bei villen neien Technologien gëllt awer: d'Benotzung muss d'Privatsphär vun anere Mënsche respektéieren.

Back to Top
CIM LOGO