
Haut huele mir Iech mat op eng kleng Weltrees – an dat ganz ouni de Fliger ze huelen. D'Reesplattform Tripadvisor huet bei de „Travellers' Choice Awards 2026“ déi schéinste Plagen op der Welt gewielt. An et gëtt eng grouss Iwwerraschung: Kreta dominéiert dëst Joer de Ranking mat gläich dräi Plagen an de Top 15! Dat kléngt no Summer, Sonn a Mier! Wat mécht dës Plagen dann esou speziell?
Et ass déi Mëschung aus kristallklorem Waasser, impressionante Landschaften an natierlech deem berüümte Gefill vu Vakanz. Besonnesch erausstécht den Elafonissi Beach op Kreta. Déi Plage ass bekannt fir hire rosa Schimmer am Sand an déi flaach Lagunen, déi bal surreal wierken. S gouf op déi zweet Plaz gewielt. An op der drëtter Plaz fënnt een och Kreta erëm. D'Balos Lagoon. Eng spektakulär Lagun mat türkisfaarwegem Waasser, déi fir vill Reesender wéi e Stéck Karibik an Europa ausgesäit.
Mee net nëmmen Europa ass vertrueden. Am Ranking fënnt een och exotesch Destinatiounen an der Karibik, an Australien, Südafrika oder Thailand. Vill vun dëse Plage sinn duerch Millioune Bewäertunge vun Touristen ausgewielt ginn. An och wann een net direkt op déi aner Säit vun der Welt reese kann, esou Biller maachen definitiv Loscht op Mier a Sonn.
Top 10 vun de schéinste Plagen 2026:
10. Falassarna Beach (Kreta, Griicheland) – Paradäis fir Surfer a Sonnenënnergäng.
9. Playa de Muro (Mallorca, Spuenien) – Kilometerlaang Sandplage mat Karibik-Flair.
8. Kite Beach (Dubai, UAE) – Perfekt fir Waassersport a Stadpanorama.
7. Praia da Falésia (Portugal) – Roud Fielsen a gëllene Sand.
6. Spiaggia dei Conigli (Lampedusa, Italien) – Eng vun de schéinsten Naturplagen am Mëttelmier.
5. Eagle Beach (Aruba) – Berühmt fir säi wäisse Sand an Divi-Divi Beem.
4. Banana Beach (Phuket, Thailand) – Tropescht Paradäis mat kristallklorem Waasser.
3. Balos Lagoon (Kreta, Griicheland) – Türkis Lagun wéi aus enger Postkaart.
2. Elafonissi Beach (Kreta, Griicheland) – Rosa Sand a spektakulär Lagunen.
1. Isla Pasión (Mexiko) – Dëst Joer déi schéinste Plage vun der Welt laut de Reesenden.
D'„Travellers' Choice Awards 2026“ weisen eng Welt voller aussergewéinleche Küsteparadäiser. Besonnesch Kreta stécht eraus mat Elafonissi, Balos Lagoon a Falassarna.