
Ënnert dem Titel „Take Over“ organiséieren d'Ofschlossklassen aus dem Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales zesumme mam City Museum e ganze Weekend fir Kanner a Jugendlecher. Am Mëttelpunkt steet d'Ausstellung „Et leeft“, déi sech mam Thema Menstruatioun beschäftegt. Valerie Rassel vum LTPES:
Déi Ausstellung am City Museum an der Stad Lëtzebuerg, ech war déi am Oktober 25 kucken. An doropshin ass mer déi Iddi komm eppes mat mengen zwou Klassen an der Schoul ëmzesetzen, Workshops zu deem Theema, well ech et esou immens wichteg fannen doriwwer ze schwätzen a jonke Leit eppes mat op de Wee ze ginn.
D'Iddi hannert dem Projet: Jonk Mënschen entwéckelen Aktivitéiten fir aner Jonker. Dobäi geet et net nëmmen ëm Informatiounen, mee och ëm eng spilleresch an interaktiv Approche:
Mir hunn am Fong mat zwou Klasse jeeweils 15 Leit, dat ass déi Ofschlossklass, 9 Workshops ausgeschafft zum Theema Menstruatioun fir jonk Kanner an och Teenager, also soe mer tëschent sechs/siwe Joer, dat ass nach relativ jonk, an awer kann een do laanschtkommen, mir hunn e Fach, dat nennt sech Pédagogie d'animation, an do geet et ëm ludique spilleresch Aktivitéiten, awer och Geschichte virliesen, et geet drëm fir sech ze trauen. An do hunn ech mer geduecht, dass et wichteg ass vläicht am Musée selwer sech emol ze trauen engem Grand Public, wou een net weess wie kënnt, do mol ze presentéieren.
Um Programm stinn ënner anerem Workshops, déi erkläre wéi de Kierper funktionéiert, Aktivitéiten iwwer Mythen a Fakten zur Menstruatioun oder kreativ Atelieren, bei deenen d'Kanner sech mat deem Thema auserneesetzen:
Mir bastelen Troussen, sou kleng Kitten, wou ee ka seng Menstruatiounsproduiten dra maachen, dat ass ee esou en éischte Bezuch kritt, a mir bastelen och Bracelet, wou ee bëssen de Verlaf vun dem Zyklus gesäit, dat een de jonke Leit ka bësse mat op de Wee ginn, bësse sensibiliséieren, wéi ass dat, wann déi éischt Reegelbildung d'Menarche kënnt, wéi geet dat da weider, an op wat kann een oppassen a wéi kann een sech géigesäiteg ënnerstëtzen.
Fir déi zukünfteg Erzéierinnen an Erzéier ass dëse Weekend och eng praktesch Erfarung. Si sinn net nëmmen als Animateuren dobäi, mee hunn de Projet vu vir bis hannen mat ausgeschafft. D'Organisateuren hoffen dobäi och, datt d'Thema Menstruatioun fir vill Famillen e bësse méi normal gëtt, well eebe grad Kanner a Jugendlecher dacks vill Froen hunn, déi net ëmmer einfach am Alldag ugeschwat ginn. Den „Take Over“-Weekend leeft dëse Weekend am Lëtzebuerg City Museum.