
De Maître Jean-Jacques Schonckert huet am RTL Wecker Erklärunge ginn.
Mam Gesetz vum 23. August 2023 gëllt am Bësch de Prinzip vum eegene Risiko. Wann Iech beispillsweis en Aascht op de Kapp fält, musst Dir am Prinzip selwer fir de Schued opkommen. Nëmme wann de Proprietär vun enger konkreter Gefor wousst, wéi engem kranke Bam oder engem geféierleche Lach am Wee, kann hien haftbar gemaach ginn. Ausserdeem mussen d'Spadséiergänger a Vëlosfuerer op de Weeër bleiwen. Och Champignonen däerfen nëmme fir den eegene Gebrauch gesammelt ginn.