Supporterclub Marie Schreiber1.000 Euro fir d'"Ile aux clowns"

RTL Lëtzebuerg
© Charles Reiser

Am Kader vun hirer Generalversammlung huet de Supporterclub vum Marie Schreiber aus dem Préizerdaul, e Scheck vun 1.000 Euro un den Eric Anselin, Direkter vun der Vereenegung „Ile aux Clowns“ iwwerreecht. Ugangs huet de President Servais Antony jidderengem Merci gesot fir de Support bei alle Manifestatiounen a Courssen, déi iwwer d’Joer mat der Vëlosfuererin Marie Schreiber national an och international mat vill Erfolleg gepräägt waren. Ganz iwwerrascht iwwer déi wäertvoll Spend vum Supporterclub aus dem Préizerdaul huet den Här Eric Anselin no sengem Merci d’Vereenegung kuerz virgestallt, wou dës Sue fir de Garant vu weideren Aktivitéite ganz wierkungsvoll gebraucht ginn.

Back to Top
CIM LOGO