Net schlecht gestauntPapagei sicht Besëtzer a begeeschtert Schoulkanner

Pierre Weimerskirch
Zanter e puer Deeg dreift e Papagei zu Éilereng säin Onwiesen, ganz zur Begeeschterung vun de Schoulkanner, déi de Papagei ëmmer nees am Schoulhaff gesinn.
Eng Foto vum Papagei géif een net publizéieren, fir net ze riskéieren, dass e falsche Proprietär sech géif mellen. Wann ee säi vermësst, misst een op eng spezifesch Eegenaart hiweisen.
© AFP Symbolbild

Mat den aktuellen Temperature wier et allerdéngs wichteg, dass de Papagei net dobausse wier, dat krute mir op Nofro bei der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng gesot. E Papagei kéint net laang dobaussen iwwerliewen, dofir wier et wichteg, dass de Besëtzer sech mellt oder de Papagei gefaange gëtt.

Et wier awer och elo méiglech, dass e vum selwen anzwousch eraflitt, well en ëmmer méi schwaach gëtt. Ënnert anerem géif versicht ginn, dass de Vugel elo an d'Schoulgebai eraflitt, fir, dass no ëm gekuckt ka ginn.

Wien Informatiounen huet, ka sech bei der Fleegestatioun ënner der Nummer 26 51 39 90

Back to Top
CIM LOGO