Vun der Maison Relais Préizerdaul24.000 Euro fir d'ONG Aide au Benin

RTL Lëtzebuerg
D'Maison Relais vu Préizerdaul huet der ONG Aide au Benin eng Zomm vu 24.000 Euro gespent.
24.000 Euro huet d'Maison Relais u Spende gesammelt.
© Charles Reiser

Schreiwes vum Charles Reiser, Maison Relais Préizerdaul (9. Oktober 2026)

Préizerdaul: Zënter Joeren sëtzt d'Arlette Hoffmann vun der maison relais Préizerdaul sech ganz duefir an, fir op kulturellem Plang eppes ze organiséieren, mam Ziel, den Erléis vun den Aktivitéite fir e gudden Zweck, och weider ze ginn. Op der Invitatioun fir d'Scheckiwwerreechung 2026 Stong ganz kloer, Dank ärer Hëllef gouf eise Projet, e groussen Erfolleg. Am Kader vun enger klenger Feierstonn huet d'Arlette Sënn an Zweck vun den Aktivitéiten vun desem Joer kuurz virgestallt. Direkt am September sin ënnert anerem mat de KannerChrëschtdekoratioune, Petzien a Poschen gebitzt gin, am Januar war Kuchverkaaf, ronn 900 Eier sin fir Ouschteren gemollt a verkaaft gin, um Vernissage vun der Ouschterausstellung sin Ticketen fir Duce Race un de Mann bruecht gin, verschidde gutt Leit hun sech ugebuede fir sech mat verschidden Aktivitéiten deelzehuelen, Thea Peschon huet Biller gemolt fir ze verkaafen,de Marc Steichen huet eng wonnerbar Foto gin fir ze versteeën oder d'Lynn huet selwer gemaachen Ouerréng geschenkt. Duerno koum dat grousst Duerffest mat villen interessante Stänn, a Musekoptrëtter an ouni Zweifel di flott Attraktioun mam Schwammen an asammele vun 1 200 Inten duerch d'Roudbaach. OP alle Fall wer d'Fest "school4 benin" mam Laafe fir e groussen Zweck e ganz groussen Erfolleg. Vill Suen sin erkomm an d'Gemeng huet sech och spontan bereet erklärt, fir d'Rechnungen vun dee Fournisseuren ze bezuelen. Mat Freed verbonne mat engem grousse Merci un all Bedeelegte kann dann den Erléis vum Joer 2026 mat ëmmerhi 24 000 Euro gespend gin. Mat sengem oprichtige Merci huet den André Poorters, Trésorier vun der "ONG Aide au Benin" dese Scheck mat sengem opriichtege Merci entgéintgeholl. Dorobber hin huet hien "d'ONG Aide au Bénin" kuurz virgestallt, déi, zënter 2011 aktiv am Bénin ass. Dess bedeitend Spend vun der maison Relais Préizerdaul fléisst an e Projet zu Materi, an enger defavoriséierter Géigend, wou de Bau vun 8 Klassesäll fir en CEG, e "Collège d'Enseignement Général" mam Bau vun enger Kantin mat Refectoire an e Forage intensiv finanzéiert gëtt

Back to Top
CIM LOGO