D’Stäip - Escher Nohëllef1.000 € fir d’Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
D'Escher Nohëllef "Stäip" huet um Escher Maart Kichelcher an Eisekuche fir de gudden Zweck verkaaft.
© Fondation Cancer

D’Schreiwes vun der Fondation Cancer

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d’Escher Nohëllef, d’Stäip, eng flott Solidaritéitsaktioun organiséiert. Um Escher Maart hunn d’Mataarbechter selwergemaach Kichelcher an Eisekuche verkaaft – fir e gudden Zweck an zur Sensibiliséierung fir de Broschtkriibs bäizedroen.

Duerch d’Generositéit vun de ville Leit, déi laanscht de Stand komm sinn, ass eng Zomm vun 1.000 € zesummekomm. Dës Spend gouf an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer un d’Direktesch Margot Heirendt iwwerreecht.

„30 Joer Stäip feiere mir dëst Joer; dat sinn 30 Joer voller Geschichte ronderëm Nohëllef, Schüler, Elteren, Enseignantë, Famill a Frënn … a virun allem ass et d’Geschicht vun engem permanente Engagement. Doraus gouf och eis bescheiden Aktioun ‚d’Stäip um Escher Wochemaart – Octobre Rose 2025‘ gebuer: frëscht Gebäck fir e gudden Zweck! Mat Freed ënnerstëtze mir mam Erléis d’Fondation Cancer an hirer esou wichteger Aarbecht!“, seet d’Ekipp vun der Escher Nohëllef.

D’Margot Heirendt huet bei der Scheckiwwerreechung dem Direkter Jean-Marie Goy, souwéi all Bedeelegten, häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktioune maachen et der Fondation Cancer méiglech, hir Missiounen och an Zukunft weiderzeféieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO