Lënster Musek a Jonk Lënster Musek1.250 Euro fir d'Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
D´Lënster Musek an d´Jonk Lënster Musek hunn den 12. Mee e Fréijoersconcert an der Lënster Kierch zu Gonschte vun der Fondation Cancer organiséiert.
© Fondation Cancer

Um Programm stounge Lidder wéi Police Academy March, Sound of Silence, Monte Cervino, You are not alone, Beatus Lebensgeschichte, Gabriel’s Oboe an The Hunchback of Notre Dame.

D’Direktioun hat de Chris Nothum an am Virprogramm war d’Jonk Lënster Musek ënnert der Direktioun vum Ben Forster a Philippe Lelong.

Um Enn vum Concert goufen am Ganzen 1.250 € un d’Fondation Cancer gespent. E grousse Merci dofir!

Fir méi Informatiounen iwwert d’Fondation Cancer:

www.cancer.lu

Back to Top
CIM LOGO