Klimawandel D’Lëtzebuerger Bëscher kommen net méi hannendrun

Lisa Weisgerber
Méi wéi 80 Prozent vun de Beem zu Lëtzebuerg sinn an engem schlechte Gesondheetszoustand. Hëtzt, Dréchent a Schädlinge setzen de Bëscher zou.
© RTL

D'Lëtzebuerger Bëscher hu scho villes iwwerstanen: Stierm, sauere Reen oder nach kal Wanteren. An de leschte Joren ass awer eng aner Gefor ëmmer méi grouss ginn: de Klimawandel. D'Erwiermung an déi ëmmer méi heefeg Drécheperioden dinn de Beem net gutt. D'Resultat ass alarmant: Laut dem leschten Inventaire vun der Naturverwaltung vun 2024 ginn nëmmen nach 15 Prozent vun de Beem als gesond agestuuft. Viru gutt 40 Joer war et nach anescht: Deemools goufen nach ronn 80 Prozent als gesond ugesinn.

Déi lescht Summeren hunn d'Situatioun weider verschäerft. Besonnesch d'Hëtzt an déi laang Dréchent vun de leschte Méint hunn de Bëscher zougesat. Dat gesäit och d'Bësch-Ingenieurin Claudine Felten, déi op déi vill dout Äscht an de Bamkrounen opmierksam mécht.

Waassermangel schwächt d’Beem

Duerch déi héich Temperaturen an déi laang Drécheperioden zitt sech ëmmer méi Waasser aus dem Buedem zeréck. D'Beem kréien net méi genuch ze drénken, verléieren hir Blieder oder Nolen an hir Fäegkeet zur Fotosynthes hëlt of. Besonnesch schwéier ass d'Situatioun op Biedem, déi wéineg Waasser späichere kënnen.

Dëst Joer war de Stress fir vill Beem besonnesch fréi ze erkennen. Schonn Enn Juli hunn eenzel Beem ugefaangen, hir Blieder ze verfierwen. Dat ass en Zeechen dofir, datt si ënner dem Waassermangel leiden, erkläert d’Martine Neuberg, Responsabel fir Beem a Bëscher vun der Naturverwaltung.

D’Lëtzebuerger Bëscher kommen net méi hannendrun 
Méi wéi 80 Prozent vun de Beem zu Lëtzebuerg sinn an engem schlechte Gesondheetszoustand. Hëtzt, Dréchent a Schädlinge setzen de Bëscher zou.

Schädlinge profitéiere vun der Schwächt vun de Beem

Nieft der Hëtzt an der Dréchent maachen och Schädlinge wéi de Borkenkäfer de Bëscher ze schafen. Dës Insekte gruewen Tunnellen ënner der Schuel vun de Beem a kënnen esou weider Schied verursaachen. Dacks si si awer net déi ursprénglech Ursaach vum Ofstierwen, mee notzen aus, datt d'Beem duerch de Waassermangel scho geschwächt sinn.

Duerch déi méi waarm Temperaturen hunn d'Insekten zousätzlech besser Konditiounen, fir sech ze reproduzéieren. De Borkenkäfer kann haut dräi bis véier Reproduktiounszyklen am Joer hunn, virdrunner waren et der nëmmen ee bis zwee.

Wann de Bësch méi CO₂ ausstéisst, wéi e späichert

Gesond Bëscher absorbéiere Kuelendioxid a späicheren domat CO₂, wat hëlleft, d'global Erwiermung ze bremsen. Wann d'Beem awer ofstierwen an d'Bëscher méi Kuelestoff fräisetzen, kann dësen Effekt ëmgedréint ginn. An genee dat geschitt zanter puer Joer schonn zu Lëtzebuerg.

Dem nationalen Inventaire no hunn d'Lëtzebuerger Bëscher tëscht 2010 an 2023 méi CO₂ ausgestouss, wéi si absorbéiert hunn. De Bësch, deen eigentlech eng wichteg Roll am Klimaschutz spillt, ass domat selwer zu enger Quell vun CO₂-Ausstouss ginn.

De Bësch vun der Zukunft wäert anescht ausgesinn

D'Bësch-Ingenieurin Claudine Felten mécht sech Suergen ëm d'Zukunft vun de Bëscher. Si geet dovun aus, datt d'Bëscher, wéi mir se haut kennen, an den nächste Joerzéngten net méi déi selwecht wäerte sinn.

Fir de Bësch méi Resistenz géint de Klimawandel ze maachen, setzen d'Autoritéiten an d'Bëschaarbechter op méi Bam-Aarten. Zemools Beem, déi mat de neie Wiederkonditioune besser eens ginn, solle favoriséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO