
Den FC Bayern mécht sech Suergen ëm säin Trainer Vincent Kompany. De 40 Joer alen Trainer ass däitsche Medien no e Freideg am Nomëtteg no engem Training vun de Proffien zesummegaangen an an eng Münchener Klinick bruecht ginn. Virdru war ee Rettungshelikopter um Terrain vum FC Bayern München un der Säbener Straße gelant.
Sky-Informatiounen no soll den Zoustand vum Kompany stabel sinn.
Zanter leschter war de Belsch mat enger Virus-Infektioun geplot. De leschte Weekend stoung hien zwar bei der 6:1-Victoire géint Leipzig un der Säitelinn, ma Interviewen hat hien nom Match keng ginn. Och e Méindeg an en Dënschdeg hat de Kompany eng Rei Traininge missen ausfale loossen. Op der Pressekonferenz virum Champions-League-Match géint Arsenal war hie vum Co-Trainer Aaron Danks vertruede ginn. Géing d'Londoner stoung de Belsch e Mëttwoch den Owend awer nees op der Säitelinn. Nom 3:3 hat hie sech géintiwwer der Press geäussert: "Als Trainer, wëll een ëmmer alles doen a maachen. Ech hunn een zimmlech säftege Virus kritt d'lescht Woch, hunn dunn natierlech net op mäi Kierper gelauschtert an dunn huet de Kierper iergendwann gesot: Elo hal mol op!"
Ob den Tëschefall vun e Freideg mat der Virus-Infektioun zesummenhänkt, ass nach net gewosst.
Och den FC Bayern huet de Virfall entretemps confirméiert. Den Training géing vum Rescht vu sengem Staff weidergeleet ginn.