École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg1.270 € fir d’Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Weltkriibsdag huet d’École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg vun Dikrech sech fir d’Fondation Cancer engagéiert.
© Fondation Cancer

Tëschent dem 24. Januar an dem 3. Februar si fir all Menü, wou am Restaurant Alexis-Heck zerwéiert ginn ass, 10 € un d’Fondation Cancer gespent ginn. Dank dëser Aktioun konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 1.270 € iwwerreecht ginn. D’Direktesch, Lucienne Thommes, huet allen Bedeelegten, wärend engem Mëttegiessen am Restaurant Alexis-Heck, häerzlech Merci gesot fir dës Solidaritéits-Aktioun. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d’Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO