Adikt Ink Tattoo Studios1.310 € fir d’Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
Fir all Tattoo oder Piercing, deen am Laf vum Mount bei Adikt Ink gemaach gouf, si 5 € un d’Fondation Cancer gespent ginn.
© Fondation Cancer

D’Schreiwes vun der Fondation Cancer

Am November huet d’Team vun Adikt Ink Tattoo Studios eng Solidaritéitsaktioun organiséiert, fir d’Fondation Cancer z’ënnerstëtzen. Fir all Tattoo oder Piercing, deen am Laf vum Mount gemaach gouf, si 5 € un d’Fondation Cancer gespent ginn. Esou koum duerch d’Generositéit vun 262 Clienten eng Zomm vun 1.310 € zesummen.

„Am November hu mir eis bewosst fir de gudden Zweck engagéiert. Fir all Tattoo oder Piercing goufe 5 € un d’Fondation Cancer gespent. E ganz grousse Merci un all déi, déi bei eis laanschtkomm sinn an eis dobäi gehollef hunn, eng Cause z’ënnerstëtzen, déi eis besonnesch um Häerz läit.“, seet d’Ekipp vun Adikt Ink.

D’Scheckiwwerreechung huet am Studio um Boulevard Prince Henri stattfonnt, an der Präsenz vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet dem ganzen Team vun Adikt Ink an all de Clienten, déi matgemaach hunn, häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO